Déi lescht Wochen hätt een ëmmer méi dacks Kollekte gemellt kritt, déi awer net vun Handicap International an Optrag gi goufen.

D'ONG gëtt ee konkret Beispill: Zu Ettelbréck hätt ee Paschtouer 2.500 Euro ofgeknäppt kritt. Eng Plainte gouf hei gemaach. Dofir mécht d'Organisatioun een Opruff, fir besonnesch opzepassen. D'ONG géif ni no Boergeld froen, mä déi méiglech Donateure musse sech via Formulaire aschreiwen.

Leit, déi fir Handicap International nei Donateure sichen, hätten och e Badge, mat deem si identifizéiert kënne ginn.