D'Corinne Cahen freet, datt den Ethik-Comité sech mat hirer Email un de Stater Geschäftsverband befaasst, awer och mat hirer Locatiouns-Wunneng op Airbnb.

D'Familjeministesch huet d'Demande un de Staatsminister a Parteikolleg Xavier Bettel e Méindeg de Moien geschéckt an op de soziale Reseauen gedeelt.

D'Corinne Cahen mengt den Avis vum Ethik-Comité kéint "déi Diskussioun objektivéieren", déi befleckt wier vu parteipoliteschen Interessien a perséinlechen Attacken. Si hofft och, "datt d'Politik nees de richtegen Toun fënnt am Ëmgank mateneen".

An hirem Bréif un de Staatsminister reagéiert d'Corinne Cahen awer och op d'Virwërf, déi hir gemaach ginn. Zu hirem Email un de Stater Geschäftsverband seet si, deen hätt näischt mat hirem Schonggeschäft op der neier Avenue ze dinn, mä allgemeng mat der schwiereger Situatioun fir d'Geschäfter wéinst dem Tramchantier. D'Corinne Cahen entschëllegt sech awer op en Neits, datt si hiren Email vum Ministère benotzt huet.

Zu hirer Locatioun op Airbnb ass d'Corinne Cahen der Meenung, et géing sech net ëm eng gewéinlech "kommerziell Aktivitéit" handelen, mä ëm eng "einfach Locatioun wärend enger begrenzter Zäit".

Fir ofzeschléissen, mengt d'Corinne Cahen: "All Bierger muss kënne Politik maachen, egal wat dem Bierger säi Beruff ass." No engem Mandat misst logescherweis jidderee kënne säi fréiere Beruff erëm ausüben.

Parlamentaresch Fro vum Sven Clement

An zwar hätt d'Corinne Cahen, hiren eegenen Aussoen op Facebook no, och mam Direkter vu Luxtram telefonéiert, fir hir Suergen kloer ze maachen.

Dat Gespréich interpelléiert elo de Sven Clement vun der Piratepartei: An enger parlamentarescher Fro un de Mobilitéitsminister wëll den Deputéierte wëssen a wéi enger Funktioun d'Madamm d'Cahen den Direkter vu Luxtram ugeruff hätt a freet och ze confirméieren, ob den Direkter dee selwechte Mail krut, wéi deen, deen un de Stater Geschäftsverband gaangen ass.

Weider wëll de Sven Clement gewuer ginn, wéi eng Konsequenzen d'Interventioune vun der Madamm Cahen haten an ob Luxtram Kontakt mam Stater Geschäftsverband opgeholl hat, respektiv op Luxtram och Chantiersvisitten offréiert hätt?

Des weideren freet den Deputéierte vun de Piraten, op wéi ee Montant sech eng Konventioun tëscht Luxtram an dem Geschäftsverband chiffréiert a wéini dës Konventioun signéiert gouf.

De Minister Bausch huet elo ee Mount Zäit, fir op d'Froe vum Sven Clement ze äntweren