Aktuell ginn et 22 verschidde Forme vun Inegalitéiten op der Welt, esou de franséischen Auteur Louis Chauvel.

Beim Thema ekonomesche Wuesstem zitt Lëtzebuerg sech gutt aus der Affär, och wann net alles roseg ass, esou de Constat op der Konferenz iwwert verstoppten Inegalitéiten. Ma de Phenomen vun den Aarbechter, déi ëmmer manner Suen am Portmonni hunn, wiisst och Lëtzebuerg weider. D'Inegalitéite ginn och am Grand-Duché ëmmer méi urgent. Dat beweisen och d'Chifferen, déi de Statec viru kuerzem publizéiert huet.

D'Inegalitéiten hätten sech och zu Lëtzebuerg verännert, esou de Constat op enger Konferenz, déi vum Statec organiséiert e Méindeg organiséiert gouf. De Risk vun Aarmut hätt sech zwar op 18.3% stabiliséiert, ma d'Inegalitéiten, déi zu deem Chiffer féieren, hu sech an leschte Joerzéngte bal verfënneffacht.

Inegalitéit zerstéiert Hoffnung, fërdert d'Gefill, kee Matsproocherecht ze hunn, a spléckt eng Natioun. De Prinzip vum „ëmmer méi Leit ginn anescht traitéiert“ suergen dem franséischen Auteur Louis Chauvel no uechter ganz Europa fir Vertrauensverloscht an d'Parteien a Syndikater.

Dës weidere géif Konkurrenz-Verhalen duerch e Mangel u Kommunikatioun promouvéiert ginn. Net nëmmen déi ekonomesch Schéier géif ëmmer méi auserneegoen, ma och d'Aart a Weis, ewéi d'Leit matenee schwätzen.

En Rezept géint Benodeelegunge géif et net ginn, esou d'Konklusioun. Ma et wier un der Politik dofir ze suergen, datt et a Secteuren ewéi an der Educatioun a Gesondheet net zu engem Klasse-System kënnt, ewéi bei ville vun eisen Noperen.