Nodeems en Automobilist sech eng geféierlech Course poursuite mat der Police geliwwert hat an e Polizist ze pake krut, koum et och zu Schëss op der A4.

Wéi de Parquet op RTL-Nofro hi matdeelt, hätt ee beim Untersuchungsriichter eng Instruktioun géint déi zwou Persounen opgemaach, dat wéinst versichtem Mord, Coups et Blessures géint Policebeamten, Rebellioun an verschidde Verstéiss géint de Code de la Route. De Parquet freet dann och Untersuchungshaft fir béid Persounen, eben wéinst dësen Infraktiounen.

Béid Persounen, d'Fra am Cabinet d'instruction an de Mann am Spidol, sollten nach um Mëttwoch vum Untersuchungsriichter gehéiert ginn. De Mann koum no senge Blessuren an d'Spidol, wou hie vu Polizisten iwwerwaacht gëtt.

Et ass den Untersuchungsriichter, deen decidéiert, ob béid Persounen an Untersuchungshaft kommen oder net. Firwat d’Koppel ugaangen ass, dat bleift ze klären.

Nom Protokoll leeft och eng administrativ Enquête géint de Polizist, dee geschoss huet, fir de rechtméissege Gebrauch vun der Waff z'iwwerpréiwen.

Wat war geschitt?

© Police

E glécklecherweis net all-deeglechen Tëschefall gouf et en Dënschdeg den Owend op der Escher Autobunn, wou en Auto hat misse gestoppt ginn, deen de falsche Wee a Richtung Esch do ënnerwee war.

Deem Ganze war eng Course poursuite tëscht dem Chauffer an der Police virausgaangen, nodeems deen an der Escher Strooss an der Stad duerch Rout gefuer war.

Vun do aus goung et a Richtung Uewerstad an nees zeréck op Märel-Belair an Hollerech, mat deels ganz héijer Vitesse, an du via d’Rue du Bouillon, de falsche Wee op d’A4 erop.

D’Police huet doropshin op der Héicht vu Steebrécken direkt eng Stroosse-Spär opgeriicht, an d’Autobunn a Richtung Stad komplett gespaart.

© Police

De Geeschterfuerer huet bei der Spär probéiert, d'Kéier ze maachen, dobäi e Policewon gerammt an och e Beamten ze pake kritt, dee liicht blesséiert gouf. Doropshin hunn d’Polizisten op den Auto geschoss, deen eng 500 Meter méi wäit du konnt ausgebremst a blockéiert ginn.

Et sollt sech dunn erausstellen, dass de Chauffeur vu Kugelen am Been getraff gouf. D’Bäifuererin gouf net blesséiert. Allebéid goufen op Uerder vum Parquet verhaft.

Course poursuite, a Policeauto gerannt a Schëss gefall
Nodeems en Automobilist sech eng geféierlech Course poursuite mat der Police geliwwert hat an e Polizist ze pake krut, koum et och zu Schëss op der A4.

D’Escher Autobunn war a Richtung Stad dann och bis an de Mëttwoch de Moien era komplett gespaart.