Um Stater Geriicht hat sech e Mann vu 25 Joer wéinst "Outrage public aux bonnes moeurs" ze veräntweren.

Hien hat am Februar moies fréi an engem Zuch („gutt voll“, wéi hie sot) a Presenz vun zwou Frae masturbéiert. D'Vertriederin vum Parquet huet dofir, nieft enger Geldstrof, zwee Méint Prisong mat Sursis probatoire gefrot. D'Oplo wär dobäi déi, fir sech behandelen ze loossen.

D'Urteel gëtt de 5. Dezember gesprach.