Den Nach-EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ass no senger Operatioun lescht Woch aus dem Spidol eraus an erëm doheem.

Hie soll nächst Woch erëm ufänke mat schaffen, esou eng Spriecherin vun der Kommissioun. De Jean-Claude Juncker war jo mat engem Aneurysma operéiert ginn.

Den 12. November, also virun 10 Deeg, war de fréiere Lëtzebuerger Premier am Ausland operéiert ginn.

Hien ass den Ament nach ëmmer EU-Kommissiounspresident, soulaang bis seng Nofollgerin d'Ursula von der Leyen iwwerhëlt. Dat dierft am Prinzip den 1. Dezember sinn.