Zu Ierpeldeng kéint en neie Laboratoire fir d'ASTA, d'Administration des services techniques de l'agriculture, entstoen.

Dat schreift de Minister François Bausch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Martine Hansen. Aktuell géifen nach eng Rei Etüde gemaach ginn, ier déi betraffen Terraine solle kaaft ginn. Bis ewell wier de Finanzministère sech nach net mat de Proprietären eens ginn. Sinn d'Terraine bis kaaft, géif et dann awer nach zwee Joer daueren, fir ze plangen, an nach eng Kéier dräi Joer, fir ze bauen.

Weider präziséiert de François Bausch, dass en alternative Site misst gesicht ginn, fir de Fall, dass den aktuelle Site géif ewechfalen. D'Regierung géif un hirem Programm festhalen a wëllen esou séier wéi méiglech en neie Laboratoire fir d'ASTA bauen.