Aktuell gëtt et eng privat Plattform, déi Réckriff aus der Groussregioun publizéiert. Dat et do e Manktem gëtt, weess een och am zoustännege Ministère.

De Paul de Jager ass nees op der Sich no Réckruff-Aktiounen am Liewensmëttelberäich. Zanter 2015 publizéiert hie mat Kolleegen op der Facebook Säit Food-Alerte Informatiounen, déi si op Websäite vu Produzenten a Supermarchéë fannen.

Paul de Jaeger : Déi ganz Grenzregioun, wat do zréckgeruff gëtt, gouf hei einfach net publizéiert an dat huet eis e bëssen um Mo geleeën. Do hu mer eis zu 4 Leit zesummegedoen, fir dat ze maachen.

Effektiv securite-alimentaire.lu, der Säit vum Kommissariat fir Liewensmëttelsécherheet, deen dem Konsumenteschutzministère ënnerläit, fokusséiert sech op Réckruff-Aktiounen zu Lëtzebuerg. Iwwer d’Groussregioun ginn et hei keng direkt Informatiounen. Just Linken op déi offiziell Site vun den Nopeschlänner, seet de Patrick Hau, vum Kommissariat fir Liewensmëttelsécherheet.

Patrick Hau: Mir hunn als national Autoritéiten eng territorial Kompetenz. Mir sinn zoustänneg fir Lëtzebuerg. An et ginn am Ausland eben och aner Autoritéiten, déi och hir territorial Kompetenzen hunn. Frankräich, d’Belsch a sou virun. Mir kënnen net elo am Numm vun enger anerer Autoritéite kommunizéieren iwwer e Rappell, deen an engem Supermarché X gemaach gi wär.’’

Zoustänneg fir d’Konsumenten iwwer Liewensmëttel-Réckriff ze informéieren, si souwisou virop d’Liewensmëttelproduzenten an d’Butteker, déi d’Wuer verkafen. D’Autoritéite kënne sech aschalten, wann dës Moossnamen net duerginn. D’Kommissariat fir Liewensmëttelsécherheet kommunikéiert awer och iwwer Alerten, déi vum RASFF, dem Europäesche Rapid Alert System. lancéiert goufen.

D’Konsumenteschutzministesch seet, si wär sech awer bewosst, dass Liewensmëttelsécherheet am Grenzgebitt och Leit vu Lëtzebuerg kéint betreffen. Si wär dofir amgaangen ze kucken, wéi ee kéint iwwer offiziell iwwerpréifte Réckruffaktiounen aus der Groussregioun informéieren.

Paulette Lenert: Dat heescht, mir sinn amgaangen ze kucke mat eise Servicer, wéi dat mat eisen europäesche Verflichtunge machbar ass. Dat wäert et sinn, esou wéi et ausgesäit. Fir de Rescht musse mer Kontakt ophuele mat den Autoritéiten aus der Groussregioun. Mä dat si Consultatiounen, déi mer um Lafen hunn.

Ob um Enn eng App fir d’Groussregioun dobäi erauskënnt oder wéi déi Plattform kéint ausgesinn a wéini mat hir ze rechnen ass, steet nach an de Stären.

Paulette Lenert: De politesche Wëllen ass sécher do. Et ass eng vun de Prioritéite vum Departement och notamment am Beräich vun den Alerten, fir ze kucken, wéi mer de Service um Bierger kënnen optimiséieren.

De Paul de Jager a seng Kolleege wäerten dës Nouvelle begréissen. Si sinn net sécher, ob se Food-Alerte nach d’nächst Joer weiderfiddere kënnen. Den Zäitopwand wär einfach ze grouss.