D'Police huet e Samschdeg eng Partie Kontrolle gemaach, ënnert anerem géint 18 Auer op der Aire de Berchem. Hei konnten 2 gesichte Persoune gepëtzt ginn.

D'Beamten hunn net nëmmen d'Luuchten an d'Pneuen vun de Gefierer kontrolléiert, mä och de Chauffer a seng Bäifuerer.

An engem Gefier souzen zwou Persounen, géint déi et en europäesche Mandat d'arrêt gouf. Si goufe fir d'éischt vun engem Dokter ënnersicht a koumen dunn op Schraasseg.

Um Sonndeg de Moie koume se virun den Untersuchungsriichter.