Wéi d'Police mellt, goufen e Méindeg den Owend an enger Concertshal op Esch-Belval eng Partie Handye geklaut.

D'Police freet an deem Sënn no Zeien.

Leit, déi och Affer vun esou engem Vol goufen, solle sech iwwerdeems bei der Escher Police um (+352) 244-50-1000 mellen. Si sollen, wa méiglech, hir 15-stelleg Identitéits-Nummer vun hirem Telefon derbäi hunn.

Donieft mellt d'Police nach e puer Abréch an engem Zäitraum vu Méindegnomëtteg bis Hallefnuecht. Eemol gouf an der Rue du Parc zu Stroossen agebrach, spéider an der Bouneweger Strooss an der Stad. Do hunn d'Awunner géint 23.30 Auer 2 Onbekannter am Keller erwëscht. Si konnte flüchten.