5 Joer nodeems hien d'Presidence vum OGBL iwwerholl hat, war de 6. Dezember 2019 de leschte Schaffdag vum André Roeltgen an där Positioun.

Et war e leschte Merci. Mat enger Standing Ovation goung d'Ried vum André Roeltgen, virun de ronn 400 Delegéiert, op en Enn.

"Als dreiwend Kraaft vum soziale Fortschrëtt, fir e bessert Liewen, fir all schaffend Leit an hir Familljen ze wierken", dofir géif sech den OGBL zanter iwwer 100 Joer asetzen. An déi Missioun wier iwwer déi lescht 5 Joer net méi einfach ginn. Fir den André Roeltgen war et "de Kampf géingt de Réckschrëtt."

Héichpunkt war Zweiwellos déi vum OGBL initiéiert Massendemonstratioun géingt d'Austeritéitspolitik vun den 30.000 am Joer 2009. An ouni den OGBL wier den Index-System haut just nach e Schied vun deem wat e war, sou de fréieren OGBL-President weider.

Den André Roeltgen hält weider fest: Aboussen bei de reale Léin, d'Reforme vun 2012, déi de Pensiouns-System verschlechtert hätt, d'Kafkraaft déi duerch zousätzlech steierlech Belaaschtungen zeréckgaange wier. Et ware Jore wärend deen et kee soziale Fortschrëtt méi ginn huet, ausser dem Statut Unique, sou den André Roeltgen.

Sech ëmmer nees un déi nei gesellschaftlech Entwécklungen an un nei Erausfuerderungen ajustéieren, dorëm géif et dem OGBL goen.

"Grondsätzlech Reflektiounen", hunn dann och d'Delegéiert, wärend dem Dag vun haut beschäftegt. Nei Technologien, d'Digitalisatioun sinn Erausfuerderunge vun der Zäit. Hei sinn d'Gewerkschafte gefuerdert, fir d'Liewensqualitéit, eng gerecht Verdeelung vun der Aarbecht, d'Opwäertung vun der mënschlecher Aarbecht, ze verdeedegen.

Den OGBL ass bereet, seng Responsabilitéit ze iwwerhuelen, fir dat d'Klimaziler vu Paräis agehale ginn. Gehandelt misst do elo ginn.

D'Gewerkschaft wäert d'Aen ophalen, fir datt an der ekologescher Transitioun weider sozial Frakturen an nei Inegalitéite verhënnert ginn. Och hei zu Lëtzebuerg wier d'Verdeelungsschéier iwwer déi lëscht Jore weider opgaangen. Net ze knapps, sou den André Roeltgen, deen am selwechten Otemzuch op den "Noutstand wunnen" agaangen ass, deen d'Kafkraaft vun der Bevëlkerung am Eiltempo opfriesse géif.

Nora Back nei Presidentin vum OGBL

Wärend dem Freidegnomëtteg goung de Kongress hanner zouenen Diere weider. D'Rapporte goufen do gutt geheescht. Den FNCTTFEL-Landesverband gouf mat 99,6% vun de Stëmmen an den OGBL integréiert.

Den neien National-Comité gouf zesumme gesat.

A virop gouf d'Nora Back mat 97,5 % vun de Stëmmen als éischt Fra an der Geschicht vum OGBL un d'Spëtzt vun der gréisster Gewerkschaft am Land gewielt. D'Nora Back ass och d'Presidentin vun der Chambre des salariées.