Nom Doud vun engem klenge Bouf um Stater Chrëschtmaart ass elo en Expert chargéiert ginn, fir déi genee Ëmstänn vum Accident erauszefannen.

D'Wort huet dat um Freideg de Moie geschriwwen an d'Noriichtenagence dpa krut et vun engem Spriecher vun der Lëtzebuerger Justiz confirméiert.

E Bouf vun 2 Joer war de 24. November gestuerwen, nodeems Deeler vun enger Äisskulptur op d'Kand gefall waren.

Et wär schwéier ze soen, wéi laang d'Enquête dauert, heescht et vun der Justiz.

Nom Accident waren d'Äisdeeler séchergestallt ginn, si gi gefruer gelagert. Eng Enquête wéinst Homicide involontaire gouf opgemaach.

Trageschen Accident um Knuedler: Jong vun 2 Joer ëmkomm
Eise fräie Mataarbechter a Journalist Loïc Juchem huet den Accident materlieft a vum Parquet heescht et, datt ee méi Froen, wéi Äntwerten huet.