Déi nei Fra un der Spëtzt vum OGBL huet net gezéckt, fir an hirer éischter Ried e Samschdeg d'Politiker direkt un ze schwätzen.

Mat 97,5% vun de Stëmmen gouf d'Nora Back zur éischter Fra un der Spëtzt vum OGBL gewielt. An hirer Grondsazried um uerdentleche Kongress e Samschdeg, goung d'Vollblutt Gewerkschaftlerin op den Zoustand vun Europa a vum Land an. D'Nora Back wëllt déi nächst Joren op Kontinuitéit setzen, wat awer net Stëllstand heesche géif.

Mat hire 40 Joer ass d'Nora Back genee esou al wéi d'Gewerkschaft, där hir Spëtzt si e Freideg den Owend iwwerholl huet. Si ass déi éischt Fra un der Spëtzt vum OGBL. Wärend hirer 60 Minutte laanger Ried si kuerz e puer Tréine gefloss. Wéi d'Nora Back un déi Zäit erënnert huet, wou se mam Fleegesecteur deen éischte Streik duerchgezunn huet. Eng Zäit, wou déi nei OGBL-Presidentin, dunn nach als Responsabel vum Syndikat Gesondheet, gewisen huet, datt se wann et néideg ass, awer och haart verhandele kann. An do seet sou munch Erausfuerderung an d'Haus.

Vun der Kandheet, iwwer d'Zäit am Beruff, bis hin zum Liewen am Alter. Den OGBL huet eng ganz Rei u Schwéierpunkten an u Fuerderungen identifizéiert, déi iwwer déi nächst 5 Joer der Gewerkschaft hir Politesch Prioritéite ginn.

De Roude Fuedem wier e staarke Sozialstaat. Vun enger beschtméiglecher Gesondheetsversuergung, iwwer eng gutt Fleegeversécherung, bis e gudden ëffentleche Pensiounssystem. E Sozialstaat, deen d'Gewerkschaft nieft dem Loun an den Aarbechtsbedingungen ze verdeedegen hätt.

E Wee huet kee laanscht d'Stéchwuert "Digitaliséierung" gefouert. Den OGBL géif hei fir all Aarbechtsplaz, déi ewechfält, kämpfen. Sech fir séier a preventiv Ëmschoulungen a Weiderbildungen op der Aarbechtsplaz asetzen. Aarbechtszäitverkierzung, Télétravail, dat si weider Eisen am Feier, déi den OGBL déi nächst Méint ugoe wäert.

D'Nora Back hëlt kee Blat virun de Mond

Et war eng Grondsazried an där déi nei Fra un der Spëtzt vum OGBL net gezéckt huet, fir d'Politiker direkt un ze schwätzen, a fir spontan op Rieden am Sall ze äntweren. D'Gewerkschaftlerin Nora Back huet sech mat de Joren een Numm gemaach, wat hir politesch Analys ubelaangt, hiert Gefill kënnen ze vermëttelen, oder awer haart ze verhandelen.

An hirer Ried huet déi nei OGBL-Presidentin un een Accord vun der Regierung erënnert, deen 2014 ënnerschriwwe gouf. No dësem Accord soll d'Kannergeld erëm reegelméisseg un d'Lounentwécklung ugepasst ginn. Wat zanter 2006 net méi de Fall wier. Bis elo ass nach näischt geschitt, d'Nora Back fuerdert, datt sech dat ännert an net erëm kuerz virun de Walen eng Indexéierung vum Kannergeld versprach gëtt.

Den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch war aus Zäiten, déi nach net sou wäit zeréckleien, sou ze soe virgewarnt. Hie freet sech op eng gutt Zesummenaarbecht. Op  der enger Säit géing vill Aarbecht waarden, dat an enger Welt, déi sech rasant ännert, an op der anerer Säit ass den Dan Kersch dovunner iwwerzeegt, datt een nëmmen zesumme ka virukommen.

Zeréck aus Europa an d'national Politik: Hei huet de Claude Turmes et net duerch, ma mat Blumme versicht, fir seng geplangten CO2-Steier un d'Fra ze bréngen. Den Energieminister huet gemengt, datt mat him e Mann an der Regierung géing sëtzen, deen ëmmer do wär fir déi sozial Komponent. Dofir wäert et och esou sinn, datt déi nei Steier sozial fair géing ginn.

Fir den OGBL gëtt et e kloren Ënnerscheed tëscht sozialgerecht a sozialverträglech. Et misst fir Kleng- a Mëttelverdénger dofir séier eng Kompensatioun kommen, sou d'Nora Back.

Fazit: U Gespréichsstoff tëscht dem Nora Back an de Regierungsvertrieder feelt et vu vireran wierklech net.