Mali, Niger a Burkina Faso, déi 3 Länner am Sahel a Westafrika sinn Zil-Länner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun.

Déi 3 Länner riskéieren den Ament awer och, ofzerëtschen an d’Onstabilitéit, well islamistesch Milizen zu enger eeschter Gefor gi sinn an der Regioun. D’Lëtzebuerger Kooperatioun ass am Sahel mat 60 Expatrieeë vertrueden. Aus der Zesummenaarbecht am Humanitären gëtt awer ëmmer méi eng Nouthëllef.

Méindes, den 2. Dezember goufen déi stierflech Iwwerreschter vun 13 franséischen Zaldoten duerch Paräis gefouert, fir en nationalen Hommage a Presenz vum President bei Les Invalides. Si waren Deel vun der Barkhane-Operatioun, déi am August viru 5 Joer ugefaangen hat, a si gefall bei engem Helikopteraccident nuets a Mali – bei enger Juegd op Dschihadisten am Däischteren.

Déi 4.500 detachéiert franséisch Militär ware seelen esou gefuerdert wéi elo bannent de leschte Wochen.
Frankräich, déi fréier Kolonialmuecht, kämpft zesumme mat de Komerode vum Militär vu Mali, Burkina Faso, Niger, Mauretanien an Tschad géint islamistesch Terrormilizen am Sahel. Mee d’Zuel vun den Iwwergrëffer op Ziviliste geet an d’Luucht.

An engem Klima vun ethnesche Konflikter verschwënnt de Feind an der Populatioun an ass och fir déi Lëtzebuerger Expatrieeën ëmmer méi schwéier auszemaachen. Um Kooperatiounsministère ass ee sech der latenter Gefor um Terrain bewosst.

Vereenzelt Projeten iwwer Land hu missen en suspens gesat ginn. De Militär vum Burkina Faso, zum Beispill, kontrolléiert nach just geschaten een Drëttel vum nationalen Territoire, a Mali ass d’Situatioun ongeféier d’selwecht. Just nach an der Begleedung vun der Artillerie vum franséische Militär ass et méiglech, op Patrull ze goen. D’Fransouse si besser equipéiert, mee de Burkinabé kennt den Terrain.

An der Zäit konnt d’Lëtzebuerger Kooperatioun sech ouni nennenswäerte Sëcherheetsdispositif a Mali feiere loossen. Haut hält ee sech eng Grimmel méi hannerwands, mee et ass een decidéiert do ze bleiwen.

D’Lëtzebuerger Kooperatiounshëllef chiffréiert sech op eng Enveloppe vun 63 Milliounen Euro a Mali a vu ronn 90, respektiv ronn 100 a Burkina Faso an am Niger.

Communiqué

Visite du MNHNL par Paulette Lenert (10.12.2019)

Communiqué par: ministère de la Protection des consommateurs Le 10 décembre 2019, la ministre de la Protection des consommateurs, Paulette Lenert, a visité le Musée national d'histoire naturelle Luxembourg (MNHNL).

Le MNHNL dispose d'une grande expertise en mycologie (science des champignons) et dans l'identification d'espèces botaniques, une expertise qui est très utile dans la recherche des tentatives de fraude au niveau alimentaire.

C'est dans ce contexte que la Division de la sécurité alimentaire, et donc le Commissariat du gouvernement à la qualité, à la fraude et à la sécurité alimentaire, collabore avec le Musée national d'histoire naturelle. En effet, les inspecteurs de sécurité alimentaire soumettent au musée des échantillons de denrées alimentaires afin de déterminer les espèces présents dans un produit composé pour vérifier si les ingrédients déclarés correspondent aux ingrédients contenus dans le produit.
La visite de Paulette Lenert a permis de faire le point sur cette collaboration et de discuter des possibilités d'extension.