Um Freideg war de Grand-Duc Henri zesumme mam Landwirtschaftsminister Romain Schneider op Besuch am Wierk um Rouscht.

Ugangs vum Joer goufen 2,5 Millioun Euro an eng nei Lagerhal investéiert an aktuell gëtt eng Konzentréierungsanlag vu 4,5 Milliounen Euro gebaut. Et wier ee bestrieft sech ze moderniséieren a permanent nei Produiten op de Marché ze bréngen, esou de CEO vun der Luxlait Gilles Gerard.

D'Luxlait ass en Deel vun der Lëtzebuerger Industriegeschicht. Net nëmmen, well et se 125 Joer gëtt, och well d'Veraarbechtungsweeër an Offer an Demande an der Zäit een enorme Wandel matgemaach hunn.

Den Ursprong vun der Luxlait läit 125 Joer zréck. 1894 gouf d‘Zentralmolkerei gegrënnt. 1930 huet dunn zu Beetebuerg d'Celula, d'Centrale luxembourgeoise du Lait hir Dieren opgemaach. Enn den 30er Jore sinn zu Lëtzebuerg 2.000 Liter Mëllech den Dag produzéiert ginn. Wärend dem 2. Weltkrich huet de Secteur sech missen upassen d‘Produktioun ass op 40.000 Liter den Dag geklommen. An der Zäit gouf et 180 lokal Molkereien, ma déi kleng sinn ausgestuerwen, d‘Unzuel ass bis 1960 op nëmmen nach 5 zréckgaangen.

1957 huet och zu Ierpeldeng eng grouss Molkerei ënnert dem Numm Laduno ugefaangen, Mëllech-Produiten ze verschaffen.

1960 ass d'Zentralmolkerei geplënnert. Den Numm Luxlait ass aus Luxembourg a Laiterie entstanen. D‘Joer 1961 war ee wichtegt fir d‘Mëllech-Industrie, goufen hei fir d'éischte Kéier amerikanesch Militärbasë mat frësche Mëllech-Produite beliwwert.

Den 2. Oktober 1978 sinn d'Celula, Laduno an d'Luxlait regruppéiert ginn. 1980 ginn d’Aktivitéiten zu Beetebuerg agestallt, zu Ierpeldeng konzentréiert ee sech op d‘Produktioun vu Botter.

2009 mécht de Produktiounssite zu Märel seng Dieren zou. Et plënnert een op de Rouscht. E Joer méi spéit ginn och d’Aktivitéiten zu Ierpeldeng agestallt.

Haut schaffen 300 Mataarbechter fir d'Luxlait 160 Millioune Liter Mëllech gi pro Joer zu Biissen verschafft a 65 Prozent dovu ginn exportéiert.

Kanner op Visitt beim Mëllechbauer

140.000 Liter Mëllechproduite goufen am Kader vum Schoulmëllech- a Schouluebstprogramm an de Schoulen ausgedeelt. 103.000 Kanner konnten dovunner profitéieren. Zu dësem Programm gehéiert awer och, dass d’Kanner an der Woch vun der Mëllech e Betrib besichen, fir ze léieren, wou d’Liewensmëttel hierkommen. D’Monica Camposeo huet eng Schoulklass an engem Mëllechbetrib zu Kehlen getraff.

Wou kënnt d’Mëllech hier a wéi liewen d’Kéi um Bauerenhaff? D’Kanner haten eng ganz Rei Froen an hunn vun der Visitt och vill geléiert:

De Knascht, deen an d’Natur geheit gëtt, kann och am Fudder vun de Kéi landen. D’Kanner weise sech interesséiert. De Bauer Joé Biver wëll de jonke Visiteuren och e besonnesche Message mat op de Wee ginn:

"Ganz wichteg ass et, dass d’Liewensmëttel och hire Wäert hunn. Et ass net fir se ze verbëtzen oder an d’Dreckskëscht ze geheien. An beim Fleesch muss een och wëssen, dass wann een e Stéck Fleesch ewechgeheit, dat war och virdrunner mol e Liewewiesen. Dofir ass dat do nach méi speziell an et soll een dorop oppassen."

62 Betriber maachen hir Diere fir d’Schoulklassen op. Bal 2.000 Kanner léieren an der Mëllechwoch, déi dëst Joer fir d’fënnefte Kéier ass, de Beruff vum Mëllechbauer kennen. De Romain Schneider, Landwirtschaftsminister:

"Dat ass eigentlech d’Konzept fir eriwwerzebréngen, wat de Produzent mécht a wat de Konsument herno als Produkt kritt a fir dann och ze weisen, wéi eng Aarbecht do hannendru stécht. Et gesäit een hei d’Aarbecht vum Bauer, déi eng flott ass, mee déi och eng spezifesch ass. An alles dat ass wichteg, datt d’Kanner dat vu klengem u gesinn. Fir och ze verstoen, wéi wichteg et ass, e Wäert op d’Liewensmëttel ze stellen."

Am Kader vum Schoulmëllech- a Schouluebstprogramm, deen och vun der EU finanziell ënnerstëtzt gëtt, sollen haaptsächlech déi lokal Produite gefërdert ginn. Aus dësem Grond géing an de Schoulen och keng Mëllech-Alternativ ugebuede ginn.

Mëllechwoch / Reportage Monica Camposeo