E Sonndeg den Owend géint 19 Auer hat et zu Réiden un der Atert an der rue de Reichelange gebrannt. D'Strooss war wärend dem Pompjeesasaz gespaart.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Réiden an d'Police.

De CGDIS mellt dann nach en Accident géint 22 Auer op der A13 tëscht Altwis a Fréiseng, wou sech zwee Autoen ze pake kruten. Een hätt sech doropshin iwwerschloen a wier op der rietser Bunn leie bliwwen. Et gouf ee Blesséierten. D'Pompjeeë vun Uespelt/Fréiseng a Munneref waren am Asaz, grad wéi d'Ambulanz vu Réimech.

D'Police dogéint mellt, datt bei dësem Accident kengem eppes geschitt ass. D'Streck war fir ronn eng hallef Stonn ganz gespaart, duerno gouf den Trafic op enger Säit laanscht gelooss.

Weider schreift d'Police an hirem Bulletin, dass eng Patrull géint 1.30 Auer en accidentéierten Auto op der N7 an Direktioun Biissen fonnt hätt. De Chauffer hat kuerz virum Rond-point Mierscherbierg en Accident, ass weidergefuer bis de Won am Summerwee un d'Hale komm ass. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.