Et sinn elo eppes Klenges iwwer 5 Joer hier, dass Lëtzebuerg als internationaalt Steierparadäis duerch d'LuxLeaks confirméiert gouf.
Sougenannt Steier-Rulings wéi deemools ginn et mëttlerweil keng méi an d’Regierung war duerno beméit, hiren Image opzebesseren, net zulescht och mat enger grouss ugeluechter Nation-Branding-Campagne. Mee wéi huet sech Lëtzebuerg op der Finanzplaz no de LuxLeaks entwéckelt?
De Virtrag an de Rotonden ugangs Dezember - Tax Justice an d’Journalistevereenegung haten invitéiert - war nëmmen dënn besicht. Vläicht well d’Ëffentlechkeet blann gleeft, wat d’EU-Kommissioun an déi Lëtzebuerger Regierung d’Leit wëlle gleewen doen: dass d’Steiervermeidung zu Lëtzebuerg Vergaangenheet ass.
De Mauritius Much vun der Süddeutsche ass ee vun de Journalisten, deen d’Informatioune vum Internationale Consortium deemools 2014 verschafft hat an d’Informatioun vun de Lux-Leaks verbreet huet.
D’Rulinge ware legal, huet d’Regierung ëmmer behaapt. Moralesch korrekt ware se net. Haut profitéiert d’Finanzplaz duerfir vun aneren Atouten. D’Resultat ass awer quasi dat selwecht.
Och mam BEPS, dem OSZE-Aktiounsplang fir global Steierfairness, ass Lëtzebuerg nach ëmmer eng Zort Steierparadäis. Virun allem fir auslännesch Clienten.
Duerch Steiervermeidungsenklavë wéi Lëtzebuerg entginn der EU pro Joer ronn 60 Milliarden, déi am Intressi vun der Allgemengheet kéinte genotzt ginn.