Schonn 2017 war de Chiffer däitlech gefall, fir dann dat Joer dono nees uerdentlech an d'Luucht ze goen.

Déi offiziell Zuele vum Verkéiersministère ginn eréischt an den nächste Méint verëffentlecht, mä de Statistike vun der RTL-Online-Redaktioun no sinn zejoert esou wéineg Mënschen op de Lëtzebuerger Stroosse gestuerwen, ewéi nach ni. De Chiffer läit wuel ënnert dem historeschen Déif vu 25 Verkéiersdoudegen am Joer 2017.

Verkéiersaffer am Joer 2019 / Reportage Pierre Jans

D'Associatioun vun de Verkéiersaffer wëll awer net vun engem Rekordjoer schwätzen. Et bléif nach vill ze maachen, fir d'Sécherheet op de Lëtzebuerger Stroossen. D'Beem bleiwen e Problem.
E Bléck an eng intern Tabell vun der RTL-Online Redaktioun: "Automobilistin frontal a Bam", "Auto géint Bam", "Moto géint Bam": zanter 15 Joer géif d'Associatioun vun de Verkéiersaffer sech géint Beem no laanscht d'Strooss asetzen,  erkläert de President Raymond Schintgen.

"Firwat widderhuelen ech mech mat de Beem? Well mir all Joer tëscht 8 an 10 Doudeger hunn, wéinst engem Accident mat engem Bam. Vun de Schwéier- a Liichtblesséierte gëtt net geschwat. Komm mir si couragéiert a versichen, datt wierklech mat all Effort unzegoen. Et gëtt ëmmer argumentéiert, de Bam muss geschützt ginn. Dat ass jo och schéin. Firwat ginn awer ëmmer nach Beem laanscht Strooss geplanzt obwuel dacks lénks a rieds net wäit fort vun der Strooss e Bësch ass. Firwat gëtt dat nach ëmmer gemaach?"

Bei enger erlaabter Vitess vu 70 Kilometer an der Stonn, missten d'Beem op mannst 4 Meter vun der Strooss ewech stoen. Bei 90 km/h tëscht 7 an 8 Meter.

Natierlech begréisst och de Raymond Schintgen, dass et zejoert tendenziell wuel esou wéineg Verkéiersdoudeger ewéi nach ni gouf. Mä hien ass virsiichteg.

''Mir haten 2017 schonn eng Kéier 25 Doudeger, wou mir geduecht hunn, elo géif et an deem Sënn och virugoen, dass mir kontinuéierlech erofginn. 2018 huet sech erausgestallt, dass dat net esou ass.''

Et war eng drastesch Verschlechterung. Deemools haten 38 Mënschen hiert Liewen am Verkéier verluer.

D'Grënn, fir schwéier Accidenter op de Stroossen, hunn dem Raymond Schintgen no net changéiert, an deemno och net seng Fuerderungen. Alkohol ok, mä dann net méi un d'Steier. Den AVR-President vertrëtt eng Null-Toleranz-Politik, bei den Droge souwisou. An da bleift och d'Vitess nach e Problem.

"Esoulaang et Leit ginn, déi argumentéieren 'ech fuere bis bei de Radar lues, an duerno rennen ech dann awer', gëtt et schwiereg, d'Zuelen nach méi no ënnen ze verbesseren. Dat musse mir aus de Käpp vu verschiddenen Leit kréien."

Den Handy um Steier misst dem Raymond Schintgen no méi streng bestrooft ginn. Hie wär och op enger Linn mam Transportminister François Bausch, deen zejoert am Mee eemol d'Iddi opgeworf huet, den Ecran, den Touch Screen, am Auto dierft wärend der Faart eigentlech net funktionéieren.

Och d'Zuel vun den déidlech verongléckte Motocycliste war zejoert manner héich. An den RTL-Statistike sinn där 4 festgehalen. 2018 waren et der néng an 2017 siwen. Den demissionäre President vun der Lëtzebuerger Federatioun vum Motocyclissem Jean-Pierre Kauffmann ass frou iwwert dës Baisse.

Op Nofro huet hien d'Aarbecht vum Verkéiersministère gelueft. Zesummen hätt een en Aktiounsplang iwwer knapps 50 Säite fir d'Sécherheet vun de Motarden op d'Bee gesat. Ëmmer méi Leitplanke wären elo där duebelen, wat verongléckte Motocyclisten d'Liewe rette kéint. Vill Foussgängersträife wären elo net méi just gemoolt, mä gespachtelt. Dat nëmmen zwee vun de villen Efforten, déi an der leschter Zäit gemaach gi wären, begréisst den Jean-Pierre Kauffmann.