
© RTL Archiv
Op 100.000 Awunner huele sech an der Moyenne am Joer 10 bis 15 Persounen d'Liewen. Bei de Senioren ass deen Taux duebel esou héich.
Wourunner läit dat a wat een dogéint ënnerhuelen?
Den Alter bréngt eng ganz Rei Risikofacteure mat, déi de Mënsch méi ufälleg fir de Suicide maachen. Krankheeten, Isolement, de Partner... Leit aus dem Frëndeskrees, déi stierwen. Awer och de Verloscht vun der Autonomie mécht villen eelere Leit ze schafen, erkläert de Psycholog Fränz D'Onghia vun der Lëtzebuerger Ligue fir mental Hygiène:
"Et komme mam Alter och déi Phase vum Liewen, wou ee säi Führerschäi muss ofginn, wou ee vläicht net méi kann doheem wunnen, wou een och net méi op sech selwer oppasse kann, wou een also seng Autonomie verléiert. Dat ass e grousse Verloscht fir eng Persoun."
Eng aner Ursaach, déi zu der méi héijer Suicide Gefor féiere kann, ass datt am Alter eng ganz Rei psychesch Krankheeten, beispillsweis d'Depressioune manner gutt erkannt an deemno och net behandelt ginn:
"Mir wëssen haut, dass Depressiounen am Alter ganz schlecht erkannt ginn, souguer vum Corps médical. Wou dann acceptéiert gëtt, datt een am Alter net méi sou gutt schléift. Oder net méi de selwechten Appetit huet. Net méi esouvill Energie huet... Nee, wann ee sou vill verschidde Symptomer beieneen huet, kann een och d'Hypothees stellen, datt et eng Depressioun ass."
Wéi erkennt een da lo op eng eeler Persoun psychesch Problemer huet, eventuell souguer liewensmidd ass? Wichteg Unzeeche si sougenannte Rupturen, Ännerungen am Verhalen, vun de Gewunnechten. Dës sollt een hannerfroen, fuersche wat hannendru stécht:
"Wann een awer keng gutt Erklärung kritt an et fënnt ee vläicht nach e puer esou Rupturen erëm, et geet een net méi mat eraus, et invitéiert een net méi, et hëlt een net méi esou vill Uriff... Dann ass et warscheinlech e Problem vu psychescher Natur. Da sollt een de Kontakt op kee Fall ofbriechen, mee méi present sinn, méi nolauschteren."
Preventiv kéint een awer och eeler Leit hëllefen, sech besser virzebereeden op déi Momenter wou se manner autonom ginn. Zum Beispill Alternativen zum Auto sichen, wéi de Ruffbus, den Iwwergang an d'Altersheem am Virfeld mat Visitten an der Gemeinschaft alauden.
Mengt een eng Ufällegkeet fir de Suicide z'erkennen, kann ee sech un den Hausdokter riichten, awer och un den RBS Zenter fir Altersfroen, d'Seniore Clibb an déi Sozial Büroe vun de Gemenge. An akute Fäll kann een och gratis an anonym bei SOS Détresse um 45 45 45 uruffen.