D'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF warnt virun den Aktivitéite vun enger Entitéit mam Numm CBA Conseil.

D'CSSF wéisst näischt vun där Entreprise a warnt dowéinst och virun hire Websäiten "www.cbaconseil.net" an "www.cbaconseil.lu.com". Wéi et vun der Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur heescht, hätt d'Entitéit keen Agrement, fir Investissement- a Finanzservicer ze maachen.