Um Méindeg war den Neijoerschpatt am Institut viti-vinicole zu Réimech.

Kulturmethoden, déi mat den Exigenze vun der Natur kompatibel sinn, an natierlech d'Qualitéit vun den Drauwen, dat waren an dat bleiwen d'Schwéierpunkte vun der Aarbecht vum Wäibauinstitut zu Réimech. Dat sot den Direkter Roby Ley e Méindeg den Owend um Neijoerschpatt vun der Institutioun, déi dem Landwirtschaftsministère ënnersteet. Esou erfuerscht d'Ekipp vum Wäibauinstitut zum Beispill Zorten, déi géint Pilzer resistent sinn. An der Vinifikatioun huet den Domaine de l'Etat en neie Wäin, de Muscat. De wäisse Wäin bleift deemno déi grouss Stäerkt vun der Musel, seet de Roby Ley.

Och de Marketing vum Lëtzebuerger Wäin gëtt no an no ugepasst un de Projet vum Nation Branding. De rout-wäisse-bloe Logo muss vun 2021 un op der Kapsel an op der Etikett um Réck vun all Miseler Wäi sinn.