An der Chamberkommissioun vun der Santé ass festgehalen ginn, dass de System vum Tiers-Payant als Plattform soll ausgeschafft ginn.

Hei kann de Patient selwer alles beim Dokter ofrechnen, ouni mussen d'Sue fir d'Rechnung virzestrecken. Et soll kee Login oder och keng speziell Kaart dofir ginn.

Nom Rendez-Vous beim Dokter soll de Patient d’Prestatioun validéieren an esou géing d’Ofrechnung dann direkt gemaach ginn. Wéi de geneeën Zäitplang ausgesäit, fir de System vum Tiers-Payant definitiv kënnen ze starten, wier awer nach net gewosst.

Fir de gemeinsame Fleegedossier, oder och Dossier de Soins Partagé, kënnen ze lancéieren, ass op e Réglement grand-ducal gewaart ginn. Den 1. Januar ass dësen a Kraaft getrueden, ma et bleiwen awer nach eng ganz Partie Froen op, déi den Dënschdeg de Moien an der Chamberkommissioun vun der Santé opbruecht goufen.

Mam elektronesche Fleegedossier ginn all d'Informatiounen iwwert de Gesondheetszoustand vum Patient op enger Plattform regroupéiert. Esou soll eng besser Kontinuitéit vun der medezinescher Versuergung garantéiert ginn. Ma fir d’CSV ass mam Règlement grand-ducal keen adequate Kader fir den Dossier de Soins Partagé geschaaft ginn, seet den Laurent Mosar: "Hei si fundamental Froen, déi sech stellen iwwer den Accès. Wien huet an Zukunft Accès op Patienten-Dossieren, wéi laang kënnen déi Donnéeë gehale ginn? Wéi ass et mat den Donnéeë vu Mannerjäregen? Dat si fundamental Rechtsfroen, déi mussen zesumme mat der Chamber diskutéiert ginn a wou och eiser Meenung muss legiferéiert ginn, dat heescht, e Gesetz kommen."

Eng nei Kommissioun soll fixéiert ginn, fir iwwer dës Froen ze diskutéieren. D’CSV fuerdert ausserdeem, dass och d’Dateschutzkommissioun zu dësem Sujet gehéiert gëtt. Fir de Sven Clement vun der Piratepartei wier a Punkto Dateschutz alles kloer: "Soulaang et dem Patient seng Donnéeë sinn a just de Patient Accès drop huet, ass den Dateschutz kee Problem. D’Fro stellt sech, wann Drëtter, déi Donnéeë géife späicheren. Do muss een natierlech d’Dateschutzgesetz, wéi et haut ass, respektéieren. Ech mengen, dass den GDPR do ganz kloer Piste gëtt, wéi een dat mécht an dat muss agehale ginn."

Fir dass dat beschtméiglech kann agehale ginn, wier et bei der Entwécklung vun der Applikatioun wichteg, dass déi national Agence „e-Santé“ dës selwer entwéckelt, seet de gréngen Deputéierte Marc Hansen: "Well et jo hei och em d’Donnéeë vun de Patiente geet, déi eigentlech de Patiente gehéieren an et ass am Beschten, dass dat vun der ëffentlecher Hand och koordinéiert gëtt. Dass Krittären definéiert ginn an dass dann, wann nei Applikatiounen op de Maart kommen, dass da muss gekuckt ginn, dass déi Krittären agehalen ginn. An nëmmen dann dierfe se autoriséiert ginn. Well dat sinn einfach ze kriddeleg Donnéeën. Do muss gewährleistet sinn, dass déi sécher vun A op B kommen."

Den Dateschutz soll garantéiert ginn, ma e Gesetz wier fir den Ament nach net virgesinn, esou de Kommissiounspresident Mars Di Bartolomeo: "Sollt sech d’Necessitéit erginn, dass een eenzel Dispositiounen nach an engem Gesetz muss fixéieren, da mécht een dat. Mee am Resumé, d’Basis ass d’Gesondheetsreform vun 2010. Et ass en aviséierte Règlement grand-ducal, deen a Kraaft ass vum Conseil d’Etat ofgeseent an d’Remarke vum Conseil d’Etat sinn integral iwwerholl ginn."

Fir weider iwwer dëse Sujet kënnen ze diskutéieren an d’Froen vum Dateschutz méi genee ze klären, ass eng weider Kommissiounssëtzung virgesinn. En Datum stéing awer nach net fest.

An der Chamberkommissioun vun der Santé ass nieft dem Dateschutz beim elektroneschen Fleegedossier, och iwwer d’ IRMen diskutéiert ginn. D’Fro, ob dës Apparater dierfen am Privatsecteur benotzt ginn oder net, huet jo an de leschte Wochen fir Diskussiounen gesuergt. An do géing sech e puer zentral Froen stellen, sou de Sozialminister Romain Schneider:

"Wéivill där IRM'en brauche mer iwwerhaapt? Zweetens, wéi kann een net nëmmen d'IRMen mee virun allem och schwéiert Material, wou ass dat an Zukunft effektiv do? Ass dat an de Spideeler just oder ass dat aus de Spideeler eraus? An ech mengen, do huet de Minister och gesot, dass en och zesummen virun allem mat der neier Gesondheetsministesch dat Ganzt eng Kéier analyséiert, wéi mer an Zukunft do wäerte virgoen. Et ass op jidder Fall ganz kloer, egal wéi de Wee wäert sinn, et muss kloer reglementéiert ginn. Fir dass deen Vide, deen den Ament besteet, gereegelt ass, wou dann och an Zukunft déi schwéier Infrastrukture wäerte sinn."

Ma virun allem soll mat engem neie Gesetz verhënnert ginn, dass et beemol zevill IRMe gëtt an d'Qualitéit vun der Behandlung doduerch erofgeet. De LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo huet d'Chamberkommissioun vun der Santé presidéiert:

"Ech géing mengen, dass ee gutt berode wier, d'Wënsch vum Privatsecteur, d'Situatioun, déi mer elo hu mat de 4 neien IRMen, wou mer d'Waardezäiten an den eenzelnen Zentren elo schonn halbéiert hunn an d'Interête vun de Patiente regional gesinn och ofzeweien, fir dann och dat Richtegt ze maachen. Et geet also hei net drëm, fir alles an engem Secteur ze halen oder alles fräi ze ginn, mee sech och no den reelle Besoinen ze orientéieren, patientenorientéiert."

Och déi europäesch Gesetzgebung géing virgesinn, dass am Interêt vun der nationaler Gesondheet och eng Rei vun Limitten bei den Autorisatiounen kënne festgehale ginn, esou de Mars Di Bartolomeo weider. Fir Kloerheet ze schafen, soll elo legiferéiert ginn.