De Schiet vum viregte Minister Félix Braz, deen zejoert nach dofir an d'Cité judiciaire komm war, louch iwwert der Neijoerschreceptioun vun der Justiz.

Obwuel hie physesch net present war, sinn déi 3 Riedner, déi der Justizfamill alles Guddes fir 2020 gewënscht hunn, op de grénge Politiker a säi Schicksal agaangen.

Weider Sujete bei där Receptioun ware Prioritéite vu senger Nofollgerin, de Conseil de la Justice an den Dateschutz.

D'Justiz hätt den Dateschutz net eréischt zejoert entdeckt, huet d'Martine Solovieff an hirer Ried betount. Et wéilt een Transparenz op deem Gebitt.

An der Justiz géif et keng Datebank iwwert de Leit hiert Liewe ginn. Virum Hannergrond vum Fall, duerch deen de sougenannte "geheime Casier" an d'Diskussioun koum, sot d'Procureure générale d’État, dass een, wann ee bei d'Justiz wéilt schaffe kommen, aner Viraussetzunge misst hu wéi fir an aner Verwaltungen.

Fir d'Sam Tanson wär net a Fro gestallt, dass d'Justiz Date sammelen dierft, mä fir den eenzele Bierger wier et wichteg ze wëssen, wéi déi Daten, déi vum Staat gesammelt ginn, genotzt ginn.

Wat d'Ofschaffe vum Regierungsprogramm a Saache Justiz ugeet, wären hir absënns zwou Saache wichteg, sou d'Ministesch. Dat fir zum engen de Schutz vun deene Vulnerabelen an eiser Gesellschaft an dat anert wier den Accès zur Justiz.

De Jean-Claude Wiwinius dann huet ënnert anerem no vir gekuckt, op zum Beispill dee méi spektakuläre SREL-Prozess, a goung donieft op säi Liblingsthema Conseil de la Justice an. Hien huet widderholl, dass hien et schonns e puer Mol sot: et wieren Neel mat Käpp gemaach ginn, ma den Nol wier nach net agehae ginn, op alle Fall nach net ganz, och wann e Projet de loi an eng Proposition de révision vun der Constitutioun do wieren.

Dobäi hätt een dem President vun der Cour supérieure de Justice no zejoert ee Moment d'Impressioun gehat, dat Ganzt géif an d'Stocke kommen.