De Ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse stellt all de Bierger gratis eng Landkaart zu Verfügung.

Eng Initiativ vum Ministère, déi et Schüler an Erwuessene méi einfach wëll maachen, fir déi franséisch a Lëtzebuerger Nimm mateneen z'associéieren. Nieft den Uertschafte sinn och d'Flëss op der Kaart ze fannen.

Den Interessi un dëse Landkaarten ass grouss. Bannent nëmme 24 Stonne goufen et 6.000 Bestellungen.
An Tëschenzäit goufen alles an allem 40'000 Kaarte bestallt.

D'Schoulen an d'Lycéeë kruten d'Kaarte scho geschéckt, ma och Bierger, déi interesséiert sinn, kënnen dës beim Ministère bestellen, dat op http://edulink.lu/unpa. Well d'Nofro sou grouss ass, kann et e bëssen daueren, bis jidderee seng Kaart(e) geschéckt kritt.

Sämtlech Nimm fënnt een awer och am Lëtzebuerger Online Dictionnaire op lod.lu.