Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger läit den Ament am Spidol op der Intensivstatioun.

Dat deelt déi liberal Fraktioun e Freideg de Moien an engem Communiqué mat. Weider Detailer iwwer de Gesondheetszoustand vum 59 Joer ale Politiker ginn net genannt.

D'DP mécht d'Demande un d'Presse, datt d'Privatliewe vum Eugène Berger sollt respektéiert ginn.

Am Ufank vun der Legislaturperiod war bei deene Bloen ofgemaach ginn, datt den Eugène Berger 2021 vum Ost-Deputéierte Gilles Baum un der Spëtzt vun der Fraktioun ofgeléist gëtt. Den Eugène Berger ass 1994 eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt ginn a war vun 1999 bis 2004 och Staatssekretär fir Ëmwelt.