Um Freideg goufen d'Péitenger Pompjeeë geruff, well e Fuuss am Haff hannert engem Méifamilljenhaus war, wou hien net méi erauskoum.

D'Déier hat sech wuel verlaf an ass dowéinst eng Mauer vun ronn 3 Meter erofgefall, dobäi hat de Fuuss sech awer net blesséiert.

Vum selwen koum hien aus dem Haff awer net méi eraus, esou datt d'Awunner d'Pompjeeë geruff hunn. De CISP war séier op der Plaz, konnt de Fuuss aus senger mësslecher Situatioun befreien.