E Samschdeg den Owend géint 22.18 goufen d'Pompjeeën alarméiert, well zu Uewerwampech e Kamäi gebrannt huet.

Den Daach vum Haus huet misse opgemaach ginn, fir d'Brandnäschter kënnen ze läschen. Um 1.30 Auer war d'Feier komplett geläscht, 25 Mann waren dofir am Asaz.

Op der Plaz war den Asazzenter Wëntger, Wolz, Donkels, d'Ambulanz Housen, de Pelotonchef an d'Police.

Wéi den 112 mellt, gouf eng Persoun liicht verwonnt.

Weider geet aus dem Bulletin vum CGDIS ervir, dass et nach op 2 anere Plazen e Samschdeg deb Owend gebrannt huet.

Kuerz virun 21 Auer stoung zu Lëntgen eng Poubelle a Flamen a géint 23.55 Auer huet et zu Gréiwels an enger Garage gebrannt.