Et gouf vill driwwer diskutéiert, datt Beem an der Avenue de Liberté dem Tram hu misste wäichen. Hir éischt Nofollger goufen elo geliwwert an ageweit.

69 nei Beem: Hire Wee vun Holland bis op Lëtzebuerg

69 Beem hunn an der Neier Avenue wéinst dem Bau vum Tram hu missten erausgeholl ginn. Hei war vill Handaarbecht gefrot ma och e spezielle Staubsauger, deen d'Wuerzele vun de Plantanen net abiméiere soll, koum an den Asaz.

Wochen a Méint dono sinn déi nei Lächer prett a waarden op hir nei Matbewunner. Dës ginn extra aus Holland eriwwerbruecht an et ass e komplizéierten Transport.

4 Stonne laang sinn d'Beem ënnerwee, bis se zu Sterpenech ukommen. Den Transport ass delikat, ma och d'Oflueden huet et a sech. An och d'Meteo muss matspillen. Déi éischt Beem goufe freides geliwwert, awer eréischt méindes ageplanzt. Zwee Deeg goufen dës Beem also um Buedem gelagert.

Zwou bis dräi Tonne weit ee Bam, pro Camion passen der nëmmen Zwee drop. An anere Wierder bleiwen nach 34 Trajeten aus Cuijk an Holland bis op Lëtzebuerg, fir dass ons nei Avenue och nees esou ausgesäit, ewéi mer se gewinnt sinn.

VIDEO: Transport vun den neie Beem / Rep. Philippe Dondelinger (20.1.2020)
Vun Holland op Lëtzebuerg: déi nei Beem koume mat engem Spezial-Transport op Lëtzebuerg.

E Méindeg de Moien: Aweiung vun den éischten neie Beem

E Méindeg de Moien kuerz no 11:00 Auer war et dunn esou wäit, deen éischte vu 69 Beem ass geplanzt ginn. All Dag kommen zwee Beem un. Si sinn iwwer 10 Meter héich a sinn eppes iwwer 20 Joer al. Wann d’Wieder matspillt, sollen d’Beem bis Enn Mäerz all gesat sinn. Am Total kommen 69 Platane laanscht d’Strooss vun der Neier Avenue an der Stad.

Am Oktober 2018 gouf ugefaangen, déi al Platanen, déi hei an der Strooss stoungen, ewechzehuelen. Grond sinn d’Aarbechte vum Tram Tracé. Dëse soll Enn 2020 de Kierchbierg mat der Stater Gare verbannen.

D'Beem an der Avenue hu Geschicht. 1906 goufen déi éischt Beem hei opgeriicht, mam Bau vun der Avenue gouf just 2 Joer virdrun ugefaangen.

VIDEO: Aweiung vun den neie Beem an der Avenue de la liberté / Rep. Christophe Hochard
Et gouf vill driwwer diskutéiert, datt Beem an der Avenue de Liberté dem Tram hu misste wäichen.

Fotogalerie