D'Industriellefederatioun huet um Mëttwoch den Owend op hir Neijoerschreceptioun invitéiert.

Wéi kann d'Industrie am Zäitalter vun der Fridays-for-Future-Beweegung nach jonk Talenter fir hir Betriber fannen? Där Fro ass d'Fedil e Mëttwoch den Owend an der Luxexpo op hirer Neijooschreceptioun nogaang. Där éischter vun der Presidentin Michèle Detaille an där leschter vum Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Neijoerschpatt bei der Fedil / Reportage vum Claude Zeimetz

"Laaft net virun de Won", deen Appel huet d'Presidentin vun der Fedil Michèle Detaille un d'Politik a Saache Klimaschutz geriicht. D‘Industrie hätt scho vill Efforte gemaach, fir nohalteg ze ginn an et géif een zu den nationalen an europäeschen Klima-Engagementer stoen, mä et misst een d'Transitioun roueg goen, zesumme mat der Industrie. Haut géif et nach vill oppe Froe ginn, déi de Betriber Suerge maachen. D'Politik misst op alle Fall dofir suergen, datt och nach an Europa nei Aarbechtsplazen an der Industrie geschaf ginn. Déi mat kompetente Leit ze besetzen, ass deen aneren groussen Challenge. De Jonke misst een erklären, datt een d'Welt éischter aus de Betriber raus als Ingenieur, Techniker oder Informatiker ännere kann, wéi op der Strooss, sou d'Michèle Detaille. An de Betriber géifen nämlech déi Produkter hiergestallt, déi en nohaltegt Liewen erméiglechen. Vum méi propperen Auto, iwwer d'Wandmillen, bis Niddregenergiehaiser.

Extrait Michèle Detaille

Datt Lëtzebuerg seng meescht Emissiounen doduerch erreecht, datt den CO2 delokaliséiert gëtt, Stéchwuert Accisen, gesäit d‘Michèle Detaille kritesch. D'Penurie vu Mataarbechter wëll d‘Fedil proaktiv ugoen. D'Promotiounscampagne an de Schoule mam Numm „hellofuture“ gëtt an deem Kontext dann och fir 3 weider Jore verlängert.

D'Michèle Detaille huet sech an hirer Ried virun engem gutt gefëllte Sall och zum Sozialdialog bekannt. Mat enger Aschränkung.

Et wéilt een net méi mat Partner verhandelen, déi just hir Interessie gesinn an nëmmen vun der anerer Säit fuerderen. Do wier et un der Regierung Propositiounen auszeschaffen an enger Aarbechtswelt, déi rapid ännert.

Standing ovations gouf et an der Luxexpo iwwregens vun de Vertrieder aus dem Secteur fir den Etienne Schneider, dee sech jo op de 4. Februar aus der Politik zeréckzitt an deemno e Mëttwoch den Owend eng leschte Kéier d'Doleancen vun der Industrie duergeluecht krut.

Neijoerschreceptioun Fedil
D'Industriellefederatioun huet um Mëttwoch ze Owend op hir Neijoerschreceptioun invitéiert.