Géint 8.30 Auer koum et op der N2 tëscht dem Rond-point Irgäertchen an dem Rond-point Sandweiler zu engem Accident mat engem Bus.

Wéi d'Police schreift, wollt e Camion op der Héicht vun der Deponie ofbéien a krut dobäi e Bus ze paken, deen aus Richtung Sandweiler gefuer koum. De Camion gouf doropshin widder en Auto geschleidert, deen do geparkt stoung.

Wéi de CGDIS mellt, goufen 2 Persoune blesséiert. Wéi d'Police an hirem Bulletin präziséiert, koumen de Buschauffer an ee Passagéier an d'Spidol.

D'Police hat matgedeelt, dass ee schwéier laanscht den Accident koum an et zu Perturbatiounen am Trafic gefouert huet.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Sandweiler an Hesper, eng Ambulanz aus der Stad an d'Police.