320 Asätz zanter e Méindeg den Owend
D'Police mécht en dréngenden Opruff, d'Autoen op verschiddene Parkingen zu Miersch direkt réckelen ze goen. Och de Parking zu Ettelbréck ass iwwerschwemmt.
Knapp d'Halschent vun de Centres d'incendies et de secours vum CGDIS waren quasi déi ganz Nuecht am Asaz wéinst de Stroossen a Kelleren, déi duerch de ville Reen ënner Waasser stoungen. De Christopher Schuh vum CGDIS schwätzt vun 320 Asätz zanter e Méindeg den Owend 21 Auer.
Christopher Schuh:Erauszehiewe bleiwen 3 Sauvetagen, déi mer realiséiert hunn, wou 4 Persounen an 3 verschiddenen Autoen duerch d'Héichwaasser op der Strooss blockéiert waren an duerch d'Pompjeeën an de Groupe d'intervention spécialisé vum Sauvetage aquatique gerett gi sinn. Aktuell hu mer nach d'Situatiounen, datt notamment um Parking vun den Däichwisen an zu Miersch Autoe blockéiert sinn, déi mer evakuéieren, fir ze verhënneren, datt déi fort geschwemmt ginn an fir ze verhënneren datt eng Pollutioun entsteet.
Blesséiert gouf bei de Virfäll iwwregens keen. Op de klenge Flëss hätt sech d'Situatioun zanter de Moie berouegt, déi wieren zréck gaangen, op de mëttelgroussen a grousse géifen d'Peegelen zum Deel awer nach klammen. Et géif een d'Peegelen an d'Situatioun weider iwwerwaachen, mä et geet een vun enger allgemenger Berouegung am Laf vum Dag aus, vue datt och keen neie Reen méi annoncéiert ass.
Trafic-Informatiounen
Trafic-Info
PDF: Schreiwes vum Ëmweltministère - Situatioun de 4. Februar um 6 Auer
PDF: Schreiwes vum Ëmweltministère - Situatioun de 4. Februar um 7.45 Auer
D‘Wäiss Iernz zu Iermsdref, oder och d’Sauer an d’Uelzecht zu Ettelbréck an zu Dikrech si weider um iwwerlafen. Op der Miess-Statioun zu Ettelbréck ass den Alerte-Peegel vun 2 Meter 30 zanter hënt däitlech iwwerschratt ginn, a geet Richtung 3 Meter. D’Police huet dann och de Moie fréi en Opruff lancéiert, de Parking op den Däichwisen onbedéngt direkt ze raumen, wann een do nach säin Auto sollt stoen hunn.
Kuerz viru Mëtteg koum nach emol de Rappell un déi Leit, déi hiren Auto nach net ewechgeholl hunn, DRÉNGEND mam Schlëssel vum Auto an d'rue du Deich bei d'mBox ze kommen, fir dass hiren Auto nach ka gerett ginn.
Och zu Miersch sinn d'Autosfuerer gebieden, hir Gefierer esou séier wéi méiglech vun de Parkinge "Lohr", a "Schlasspech" ewechzehuelen. D'Police Miersch ass den Ament op der Plaz.

© Henri Krier

© Domingos Oliveira / Henri Krier
Tweet vun der Police Miersch
Och d’Atert huet zu Biissen huet d’Côte d’alerte erreecht, sou dass do eenzel Stroosse gespaart sinn.
An och d’Musel ass weiderhin um Klammen.
Zu Gréiwemaacher steet de Peegel momentan bei iwwer 6 Meter, dat sinn 3 Meter méi wéi normal. Zu Briedemes gouf d’Côte de vigilance vu 5 Meter 30 hënt géint hallwer 1 schonns iwwerschratt a steet um 7 Auer bei 5m73.

Zu Réimech ass d'Kräizung Gare routière mat der N10 zou an d'Esplanad steet deels ënner Waasser.

© Sven Rock / Meteoremich
Facebook - Gemeng Réimech
Facebook - Gemeng Schengen
Och d’Miess-Statioun op franséischer Säit si fir den Ament nach weiderhin um Klammen. Waasser, dat jo deemno eréischt op Lëtzebuerg ënnerwee ass.
D'Situatioun am Pafendall an der Stad
Och am Pafendall an der Stad, stoung nees Waasser an de Stroossen.
No all deenen Aarbechte vum Summer dierft an der Rue Mohrfels eigentlech kee Waasser a Toilettëpabeier méi aus de Kanaldeckelen eropgedréckt ginn. Et kënnt es awer ëmmer nach duerch d’Grillen erop, sou dass och nees Ofwaasser an der Strooss stoung.
Vu concernéierte Leit krute mer gesot, dass d‘Kanalamt vun der Stad Lëtzebuerg schonn erëm am Gaange wier, mat aus- a vermoossen. D'Stad Lëtzebuerg huet eis confirméiert, dass de Pawee an der Rue Mohrfels géif frësch gemaach ginn. Dass Aarbechten un der Strooss gemaach ginn, fir de Problem mat der Kanalisatioun an de Grëff ze kréien, soll net stëmmen.
RTL-Service
Wéinst dem Héichwaasser huet de Syndicat d'Initiative Schengen, de Maart e Mëttwoch, 5. Februar ofgesot.
Den Neijoerschpatt vum Club Uelzechtdall an der Gemeng Miersch kann net wéi geplangt e Mëttwoch an der Hal Ierbecht zu Biereng ofgehale ginn, mä gëtt wéinst dem Héichwaasser an d'Veräinshaus op Schous verluecht.
Warnung vun der Gemeng Mäertert
Op enger Rei Flëss besteet e potentielle Risk vun Héichwaasser, dat wéinst den aktuelle Wiederkonditiounen. Den zoustännege Service vum Waasserwirtschaftsamt hat dëst e Méindeg am Nomëtteg matgedeelt. D'Autoritéite géinge sech prett halen.
An deem Kontext gouf et dann och eng Warnung vun der Gemeng Mäertert. D'Leit, déi op der Esplanade de la Moselle tëscht der Spatz an der Hausnummer 27, sou wéi an der Rue de la Sûre zu Waasserbëlleg wunnen, sollen hir Autoen net ze no um Waasser parken.
Wéinst enger Iwwerschwemmung war e Méindeg den Owend dann och schonns eng Strooss gespaart. Den CR152B tëscht der Kräizung mat der N10 an der franséischer Grenz ass net befuerbar.
Den Detail fënnt een op inondations.lu