Wéi d'Police e Freideg mellt, koum et en Donneschdeg géint 14.20 Auer zu engem déidlechen Aarbechtsaccident an der Zone industrielle Gadderscheier.

En Aarbechter ass do vun engem fuerende Camion déidlech blesséiert ginn. Wéi et heescht, soll de Virfall an der Deponie vun der Zone Industrielle geschitt sinn.

© Domingos Oliveira (RTL)

Fir den 62 Joer ale Mann, deen hei am Land wunnt, koum all Hëllef ze spéit.

De Miess- an Erkennungsdéngscht, d'Police an d'ITM waren op der Plaz.

© Domingos Oliveira (RTL)