De Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut recommandéiert, d'Offere vu verschiddene Stroum-Fournisseuren ze vergläichen, fir datt een net méi bezilt wéi ee wëll.

Den ILR hat d'lescht Woch eng Rei Recommandatioune gemaach, nodeems ee festgestallt huet, datt d'Stroumpräisser iwwert e Joer gesinn ëm 10 Prozent an d'Luucht gaangen sinn. Dat mécht iwwert e Joer gesi fir e Stot mat enger Duerchschnëttsconsommatioun 80 Euro aus.

D'Hausse vum Stroumpräis ass op 3 Facteuren zréckzeféieren: d'Energie u sech ass méi deier ginn, et gouf investéiert, fir d'Infrastrukturen auszebauen, an d'Taxen an d'Subventioune sinn och an d'Luucht gaangen. Dee gréissten Impakt huet dobäi den Energiepräis u sech, deen ëm 13 Prozent an d'Luucht goung.

Stroumkäschten - Reportage Fanny Kinsch

Camille Hierzig, Directeur adjoint vum Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut: "Et ass vill an der Diskussioun, an Däitschland och, mam Ofschalte vun de Kuelekraaftwierker, vun den Atomzentralen, déi elo 2021-2022 ausser Betrib ginn. Sécherlech huet dat en Impakt. Et muss een awer scho feststellen, datt elo d'Präisser op de Bourssen nees ufänken erofzegoen."

Duerch d'Energietransitioun misste wuel weider Investissementer an d'Infrastrukture gemaach ginn - dat géif awer net automatesch heeschen, datt de Stroumpräis an d'Luucht geet, esou den Directeur adjoint vum ILR. Dat géif dovunner ofhänken, ob de Konsum an d'Luucht géing goen oder net.

Camille Hierzig: "Laangfristeg géif ech net behaapten, datt d'Netz doduerch méi deier gëtt, kuerzfristeg kann natierlech do e Bockel sinn, well Saache preparéiert gi fir d'Zukunft, déi dozou féieren, datt d'Consommatioun nach net do ass, déi an Zukunft do ass."

Sonn a Wand wieren déi bëllegst Energiequellen, déi ee kéint hunn - laangfristeg géif de Stroum deemno méi bëlleg ginn. Fir z'evitéieren, datt ee kuerzfristeg, also dëst Joer, méi muss fir säi Stroum bezuelen, recommandéiert den ILR d'Fournisseuren ze vergläichen.

Camille Hierzig: "Do sinn der och, déi dann offréieren, datt ee just en Online-Kontrakt huet, wou een dann alles iwwert den Internet kritt a keng Rechnung heemgeschéckt kritt an dann de ganze Kontakt iwwer online ass an doduercher dann op der Säit vun de Käschte méi niddereg ass an dann och e méi bëllege Präis kann offréieren, natierlech een, dee gären eng perséinlech Betreiung hätt, bezilt dann eben och e puer Frang méi, kritt dofir eng Rechnung heemgeschéckt."

Iwwerdeems réit de Regulatiounsinstitut, sech Photovoltaik op den Dag ze maachen an eegene Stroum ze produzéieren.

Camille Hierzig: "Wann ech haut eng Photovoltaik op mäin Dach leeën, ech muss dee Stroum net verkafen, ech kann deen och selwer notzen. A mir sinn och haut bei Präisser, wou dat duerchaus rentabel ass: Eng Photovoltaik, wann een déi haut iwwer 15 Joer rechent, ass de Kilowatt-Stonnepräis méi niddereg, wéi deen, deen ech aus dem Netz kafen. Dann ass et och esou, datt ee Photovoltaik och ka subventionéiert kréien an déi Subventioun wuel nach méi héich ass wéi de Präis, well et ass jo en Incentive do. Dat heescht, egal wéi een et mécht, et huet een ëmmer e Benefice par Rapport zum Stroum aus dem Netz kafen. Egal, ob een de Stroum elo selwer an d'Netz verkeeft oder ob ee selwer verbraucht - et ass ëmmer gënschteg."