Haut schaffe gutt 200.000 Frontalieren zu Lëtzebuerg. Domat maachen si 43,5 Prozent vun den Aarbechtsplazen am Grand-Duché aus.

Déi éischt Frontaliere koume mam Ausbau vun der Siderurgie. Ma de grousse Boom gouf et mat der Entwécklung vum Finanz- an Déngschtleeschtungssecteur. Allgemeng ass hei d'Zuel vun den Aarbechtsplazen enorm geklommen, an domat och d'Zuel vun deene Leit, déi all Dag an de Grand-Duché schaffe kommen.

An déi komme quasi alleguer aus den noe Grenzregiounen. Ronn 2/3 vun de belsche Frontaliere kommen aus der Province de Luxembourg. Knapp 2/3 vun den Däitschen, déi zu Lëtzebuerg schaffen, wunnen a Rheinland-Pfalz. A ronn 70% vun de Fransousen, hunn hiert Doheem am Departement de la Moselle.

Alles an allem maachen d'Fransousen och ronn d'Hallschent vun de Frontalieren zu Lëtzebuerg aus. All Kéiers e Véierel kënnt aus Däitschland an der Belsch.

Wéi gesot, mat der Zuel vun den Aarbechtsplazen ass och d'Zuel vun de Frontalieren an de leschte Joerzéngten immens an d'Luucht gaangen. Vun 130.000 Leit, déi 1960 am Grand-Duché geschafft hunn, sinn der knapp 4.000 all Dag aus dem Ausland komm. 30 Joer méi spéit waren et scho méi wéi 25.000 Frontalieren, déi 13,5 Prozent vum Emploi ausgemaach hunn. Eng Zuel déi bannent de leschten 30 Joer nach eng Kéier explodéiert ass. Haut schaffe gutt 200.000 Frontalieren zu Lëtzebuerg. Domat maachen si 43,5 Prozent vun den Aarbechtsplazen am Grand-Duché aus.

Dem Wirtschafts- a Sozialrot wäert deen Trend och bannent den nächste Jore virugoen. Si rechnen domat, dass an zéng Joer ronn 60 Prozent vun de Leit, déi am Grand-Duché schaffen, Frontaliere sinn.

Am RTL-Interview ass de fréieren Administrateur-Délégué a President vum Exekutiv-Comité vun der UEL, de Jean-Jacques Rommes, fir doriwwer ze schwätzen.

Praktesch an alle Secteuren vun der Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg si Frontalieren vertrueden

Ausser beim Staat sinn an alle Secteuren op d'mannst ee Véierel vun den Employéë Frontalieren. Ma zwee Secteure stiechen hei besonnesch eraus.

© RTL

Kuckt een sech déi eenzel Secteuren un, fält op, dass an der verschaffender Industrie, ganzer 66 Prozent vun den Employéen, am Ausland liewen. Déi meeschte Frontaliere schaffen awer an der Constructioun, mat méi wéi 25.000 Leit, déi gutt 55 Prozent vun den Employéen an deem Secteur ausmaachen, genee wéi am Handel an an der Reparatioun vu Gefierer, mat méi wéi 29.000 Frontalieren. Si maachen esouguer méi wéi 57 Prozent vun den Employéen an deem Secteur aus.

Dës zwee Secteuren, sinn och déi, an deenen am meeschten nei Leit rekrutéiert ginn. Zum Beispill bei de Garagisten a Mecaniciene, goufe virzejoert knapp 30.000 Leit agestallt. Dovu ware 55 Prozent Frontalieren.

Déi beschte Formatioun hunn déi belsch Frontalieren, ma allgemeng ass de Bildungsniveau an d'Luucht gaangen. D'Zuel vun de Belsch, déi e Master oder e Bachelor hunn, ass zanter 2006 ëm 8 Prozent eropgaangen. Bei de Fransouse sinn et knapp 13 Prozent a bei deenen Däitsche gutt 10 Prozent méi Frontaliere mat Unis-Diplom.

Just 6-8% vun de Frontalieren huelen Bus an/oder Zuch

Am visibelste sinn d'Frontalieren am Beruffstrafic. Déi ganz grouss Majoritéit vun hinne kënnt nämlech mam Auto op d'Aarbecht an dat féiert souwuel Moies wéi Owes zu Stau op den Haaptachsen.

Ganzer 86 Prozent vun deene ronn 200.000 Frontaliere kommen all Dag mam Auto schaffen. Op de Bus an den Zuch verdeelen sech just jeeweils 6 an 8 Prozent. Dobäi notzen d'Fransousen den ëffentlechen Transport nach am meeschten. Dem CES no, wier dat och op déi besser Offer zeréckzeféieren, déi et a Richtung Frankräich géif ginn.

Trotzdeem sinn d'Stroossen bis a Frankräich an der Reegel am stäerkste saturéiert. Deemno hunn déi 80 Prozent, déi mam Auto kommen, zwar an der Moyenne dee kierzte Wee, ma brauchen am längste fir op d'Schaff.

Dobäi hëlleft et och net, dass déi grouss Majoritéit vun de Frontalieren an der Stad schafft.