De 25. Februar 1944 sinn 23 Lëtzebuerger Resistenzler am Konzentratiounslager Hinzert erschoss ginn.

Dëse Sonndeg war den Nationalen Dag vun der Resistenz an do gouf an der Stad an der Glacis-Kapell an um Nikloskierfecht un déi Lëtzebuerger geduecht, déi sech wärend dem zweete Weltkrich géint d'Nazie gewiert hunn. Ma et huet een och no vir gekuckt.

De Rietsextremismus wier den Ament esou staark ewéi schonn zanter bal 75 Joer net méi. E groussen Deel vun Europa wier am Gaang, säin Deel vun der Geschicht ze vergiessen, war et de Sonndeg de Moie (beim Hinzerter Kräiz) aus verschiddene Rieden ze héieren. Grad déi rezent Parlamentswal an Thüringen, do wou 1930 d'Well vun der NSDAP u Schwong gewonnen huet, misst jiddereen alarméieren. Ma och déi aktuell Flüchtlingspolitik géif al Biller zeréck bréngen.

"Wa mer do zum Beispill déi Flüchtlingslageren a Griicheland gesinn. Ech well do elo keen direkte Verglach mat Konzentratiounslagere maachen. Mais de Schrëtt an d'Richtung wou Mënscherechter net méi respektéiert ginn deen ass séier iwwerschratt. Do muss een sech awer Gedanke maache firwat et esou Lageren iwwerhaapt nach ëmmer an Europa gëtt.", esou de Frank Schroeder, den Direkter vum Musée nationale de la Résistance.

23. Februar: Nationalen Dag vun der Resistenz
De 25. Februar 1944 sinn 23 Lëtzebuerger Resistenzler am Konzentratiounslager Hinzert erschoss ginn.

E Sonndeg gouf awer virun allem un d'Affer vun Hinzert geduecht. Eng Lokalitéit mat enger ganz spezieller Symbolik fir Lëtzebuerg. 4.000 lëtzebuergesch Fraen a Männer goufen aus politesche Grënn deportéiert. Knapp 1.600 koumen op Hinzert. E Lager, wou net esou vill Leit gestuerwe sinn, ma gequäält goufen.

"Et ass net e Lager, wou ganz vill Leit gestuerwe si par Rapport zu anere Plazen. Et ass e Lager, wou ganz vill Lëtzebuerger gelidden hunn, well Garden do relativ sadistesch waren. Zu Hinzert goufen 2 Mol Lëtzebuerger exekutéiert. No engem Streik 20 Stéck an dunn eben am Februar 1944, wou d'Nationalsozialiste probéiert hunn, d'Resistenz zu Lëtzebuerg auszebludden.", erkläert de Frank Schroeder.

1942 koum et zu Lëtzebuerg zu engem Generalstreik géint d'Decisioun vun der Besatzungsmuecht, jonk Männer zwangszerekrutéieren.

Insgesamt 800 vun den deportéierte Lëtzebuerger hunn net iwwerlieft. D'Affer vum Camp zu Hinzert, dat vun 39 bis 45 aktiv war, goufen 1946 aus hire Massegriewer ausgegruewen an doropshin iwwer d'Grenz zu Waasserbëlleg zeréck an de Grand-Duché bruecht, fir um Nikloskierfecht begruewen ze ginn.

All Mënsch an der Gesellschaft misst senger Responsabilitéit bewosst sinn, esou d''Noriicht nach eng Kéier. Well rietsextrem an desinforméiert Aussoen op de soziale Medien ewéi och um Terrain géife just Grenzen a weidert Mëssverständnes schafen.

De Communiqué

Nationalen Dag vun der Resistenz

E Sonndeg 23. Februar 2020 an der Glacis-Kapell

a virum Hinzerter Kräiz

E Sonndeg, 23. Februar 2020  ass nationalen Dag vun der Resistenz.

Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all déi Fraen a Männer déi de Courage haten, sech den Naziën entgéint ze stellen a Resistenz ze maachen, un déi vill vun hinnen, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn. Ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der  Resistenz, déi de 25. Februar 1944 – viru 76 Joer – am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert an zu Köln ëmbruecht goufen.

1997 hat d'Lëtzebuerger Resistenz fir d'éischte Kéier hir „Journée nationale de la Résistance“ gefeiert an de Wonsch ausgedréckt dass dës Cérémonie sech elo all Joer widderhuelen sollt – op deem Dag, oder no bei dem Dag, op deem soss déi sougenannt „Hinzerter Mass“ gefeiert gouf.

Hei ass de Programm:

11 Auer: Mass an der Glacis-Kapell. Musikaleschen Encadrement:

Et séngt d'„Chorale des Exilés“ ënnert der Direktioun vun der Madame Albena Vratchanska, begleet op der Uergel vum Romain Ludwig. Clairon d'honneur: Edmond Faber

11.50 Auer: Formatioun vum Cortège um Eck Rue de la Faïencerie an Allée de la Résistance et de la Déportation, mat, un der Spëtzt, engem Détachement vun der Arméi, der Militärmusek an de Fändele vun der Resistenz. De Wee bis op de Kierfecht ass net wäit, sou datt d'Resistenzler an hir Sympathisante sech, wann nëmme méiglech, dem kuerze Cortège uschléisse sollen.

12 Auer: Cérémonie virum Hinzerter Kräiz um Niklooskierfecht, Allée de la Résistance et de la Déportation