E Méindeg am Nomëtteg ass de Gesondheetsministère op enger Pressekonferenz op den aktuelle Stand vun der Situatioun agaangen.

Et gëtt nach kee Coronavirus-Fall zu Lëtzebuerg, ma well den Intressi vun der Press sou grouss ass, huet de Gesondheetsministère am spéiden Nomëtten op eng Pressekonferenz zu deem Thema invitéiert.

Kee Fall vum Virus zu Lëtzebuerg - Reportage Eric Ewald

Et war den Opruff vum Jean-Claude Schmit, dem Direkter vun der Santé zu Lëtzebuerg, fir op kee Fall am Kader vum Coronavirus a Panik ze verfalen.

D'Situatioun géif zënter den Doudesfäll an Italien e Sonndeg an e Méindeg enk suivéiert ginn, et ass een a Kontakt mat den anere Länner. Europa géif sech intensiv ëm de Problem këmmeren an d'Situatioun am A behalen, ouni allerdéngs a Panik ze verfalen.

Fir den Direkter vun der Santé muss d'Situatioun verfollegt ginn, fir ze gesinn, ob et an Italien, dem europäesche Land, an deem méi meeschte Fäll registréiert sinn, zu engem weideren Ausbroch oder zur Kontroll vun der Kränkt kënnt.

Déi wichtegst Recommandatioune vun der Santé

Recommandatioune gëtt d'Santé iwwregens schonn zënter dem 4. Februar eraus an hunn sech zënter deem och net verännert. Sollt een an engem Risikogebitt gewiescht sinn, also a China, Südkorea, Singapur, Hong Kong, Macao oder eben elo Italien a kloer Symptomer vun der Gripp hunn, soll een op kee Fall an eng Urgence oder bei den Hausdokter goen, dat fir z'evitéieren, dass hei nach méi Leit ugestach ginn. Et soll een op alle Fall d'Division de l'Inspection Sanitaire (TEL.: 247-85650) oder den 112 uruffen, déi soen de Leit dann, wat ee genee maache soll.

Leit déi keng Symptomer hunn, mä aus Risikogebitter kommen, missten an 2 Kategorien agedeelt ginn. Persoune mat engem héije Risk a Persoune mat engem niddrege Risk.

Persoune mat engem héije Risk si Leit, déi zwar keng Symptomer hunn, ma an enkem Kontakt mat Leit an engem Risikoland waren. Dës Persoune kommen, wann se nees zu Lëtzebuerg sinn, a Quarantän.

Persoune mat engem niddrege Risk si Leit, déi aus engem Risikoland kommen, awer keen enke Kontakt mat Leit haten, déi de Virus hunn oder haten. Hei gëtt de Leit geroden, gutt op hir Gesondheet opzepassen an all Dag fir 14 Deeg Féiwer ze moossen. Sollte Symptomer wéi Féiwer, Houscht an Otemnout kommen, géif een direkt als héije Risk aklasséiert ginn.

Verschidde Mesurë si net justifiéiert, ma Angscht wier verständlech

Dass verschidde Schoulen a Firmen ängschtlech sinn an hir Mataarbechter oder Schüler 14 Deeg laang doheem loossen, wier keng offiziell Recommandatioun. D'Weltgesondheetsorganisatioun huet iwwregens och betount, dass esou Mesuren net justifiéiert wieren, ma et géif een awer verstoen, dass d'Leit Angscht hunn. Eréischt wann et an engem Land e Fall vun enger Infektioun géif ginn, wier esou eng Mesure wierklech ubruecht.

Lëtzebuerg ass dann och gutt op de Coronavirus preparéiert. Speziell Isolatiounskummere ginn et der 6 am CHL. Wann ee net schlëmm krank ass, kann een och mat enger Infektioun doheem soignéiert ginn, wéi dat zum Beispill an Italien am Moment gemaach gëtt. De Staatslabo ka séier Tester maachen a mam CGDIS an dem Fluchhafen ass een an enkem Kontakt.

Nach kee Fall zu Lëtzebuerg, komplett Sécherheet existéiert awer net

20 Verdachtsfäll ginn et bis elo zu Lëtzebuerg, all Kéiers goufen dës Persounen an den CHL gefouert, ma bis elo war glécklecherweis keen Test positiv ausgefall. Et géifen dohier och keng speziell Mesuren zu Lëtzebuerg ginn, also keng Restriktiounen oder speziell Kontrollen.

Italien publizéiert all Dag d’Zuel vun de Fäll. Verschidde Gemengen an Italien sinn a Quarantän gestallt a goufen isoléiert.

E "Risiko Null" gëtt et net. Italien war zum Beispill eent vun de Länner, dat als éischt d’Reesen a China verbueden hunn. Et gesäit een also, dass dëst net wierklech funktionéiert huet. Et gi Leit, déi infizéiert sinn an awer keng Symptomer hunn, déi kommen dann duerch d’Kontrollen. Aner Leit ginn awer da blockéiert, just well se eng normal Gripp hunn. Déi meescht Länner an Europa hunn och dowéinst keng Kontrollen op Fluchhäfe gemaach.

Eeler Leit sinn natierlech méi betraff wéi anerer. Mortalitéit géif hei ëm 15% klammen. Nach ass kee Kand ënner 9 Joer gestuerwen, et schéngt praktesch ausgeschloss ze sinn, dass kleng Kanner um Coronavirus stierwe kéinten.

Et ass och nach eemol den Appell, dass wann een aus enger Risiko-Regioun op Lëtzebuerg kënnt, sollt ee léiwer ze vill teste wéi net genuch. Et gëtt allerdéngs kee Grond, sech ze testen, wann ee keng Symptomer huet. De Risiko, dass Lëtzebuerg du Coronavirus géif ukommen, géif egal wéi ëmmer bestoen, sou nach de Jean-Claude Schmit.

Wéi steet et a Saachen Impfung?

D’Sich leeft international a vollem Gang. Eréischt an e puer Méint kéint ee fréistens en Impfstoff hunn. De Virus dierft sech awer schnell an einfach ännere kënnen. Et ass een optimistescht, dass en Impfstoff kënnt, et rechent ee mat 12-18 Méint.

Et ginn allerdéngs och Hypotheesen, dass de Virus ëmmer wäert bestoe bleiwen, ebe genee wéi d’Gripp an dass dëse Virus da saisonal ëmmer nees erëmkënnt.

Mortalitéit vum Virus

D'Gripp an de Coronavirus sinn extrem änlech, ma d’Mortalitéit läit beim Coronavirus kloer méi héich. Bei enger normaler saisonaler Gripp läit d'Mortalitéit bei 0,1%, also bei 1 vun 1000 Leit. Beim Coronavirus läit ee bei 2% Mortalitéit, also 2 vun 100 Leit stierwen. Et gëtt awer eng Donkelziffer vun Infizéierten, sou dass d’Mortalitéit nach kéint erofgoen.

Lëtzebuerg huet jo bekanntlech keng eege Pharmaindustrie, et hänkt een also vum Ausland of an et muss een sech drop verloossen, dass d'Verdeelung vu Medikamenter leeft. Verschidde Produite kommen aus China an Indien an et gëtt grad gepréift, wéi laang Medikamenter bei enger Epidemie duer géife goen.

Schreiwes vum Gouvernement

Situation du COVID-19 en Italie (25.02.2020)
Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

Les autorités luxembourgeoises suivent de près l'évolution de la situation en Italie du Nord et prendront les mesures qui s'imposent à la lumière des analyses effectuées par l'OMS Europe, le Health Security Committee de la Commission européenne et le European Center for Disease Contrôle and Prevention (ECDC) qui travaillent en étroite collaboration avec les autorités sanitaires italiennes.

À ce stade, il n'y a pas de recommandations spécifiques de la part de ces instances compétentes pour ce qui est des voyageurs en provenance de/à destination des régions italiennes concernées (communes de Codogno, Casalpusterlengo, Castiglione d'Adda, Maleo, Fombio, Bertonico, Castelgerundo, Somaglia, San Fiorano, Terranova dei Passerini, Vo Euganeo, Crema, Bergamo). Un report des déplacements non-essentiels vers ces régions devrait toutefois être envisagé.

Tout citoyen, sauf ceux se trouvant dans les zones soumises à une restriction de circulation, peut à tout moment quitter l'Italie. À ce stade, il n'y a donc pas lieu d'envisager des mesures de rapatriement particulières et extraordinaires. Les autorités luxembourgeoises sont en contact régulier avec les autorités italiennes et prendront les mesures adéquates en fonction de l'évolution de la situation et dans le respect du principe de précaution.

Au Luxembourg, on n'est en présence d'aucun cas de COVID-19. Le niveau d'alerte est maintenu inchangé. Les procédures en vigueur ainsi que les recommandations aux voyageurs peuvent être consultées sur le portail santé et seront tenues régulièrement à jour en fonction de l'évolution de l'épidémie au niveau mondial.