De Mann koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Der Iechternacher Police goufen en Dënschdeg eng ganz Partie Abréch sou wéi versichten Abréch gemellt, déi vun en Dënschdeg op e Mëttwoch duerchgefouert goufen. Am Laf vun den Ermëttlunge konnt e presuméierten Täter identifizéiert ginn, wouropshin de Parquet vun Dikrech driwwer informéiert gouf.

De presuméierten Täter gouf doheem festgeholl an seng Wunneng gouf duerchsicht. Hei goufen och tatsächlech geklauten Objeten, déi aus enger ganzer Rei un Abréch hierkommen, sécher gestallt. Géint de Mann gouf nom Besuch beim Untersuchungsriichter e Mandat d'Arrêt ausgestallt.