D'Uni Lëtzebuerg wëll déi positiv oder negativ Konsequenze vun engem nationale Gesetz iwwert d'Mënscherechter a Betriber analyséieren.

D'Uni Lëtzebuerg wäert eng Etüd maachen, fir ze wëssen, wat déi positiv oder negativ Konsequenzen vun engem nationale Gesetz iwwert d'Mënscherechter an de Betriber sinn. Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn e Mëttwoch bei der Presentatioun vum zweeten nationalen Aktiounsplang iwwert d'Entreprisen an d'Mënscherechter präziséiert. Allerdéngs seet d'UNO, datt d'Méiglechkeet besteet, ze legiferéieren, mä et net obligatoresch wier.

Mënscherechter a Betriber - Reportage Claudia Kollwelter

Lëtzebuerg steet net sou schlecht do, wat d'Legislatioun a Saache Mënscherechter ugeet, dat gouf 2018 bei enger Etüd vun der Uni Lëtzebuerg festgehalen. Mä wat d'Mënscherechter an de Betriber ugeet, gëtt et just de Prinzip vun der sougenannter "Diligence raisonnable".

Mat engem Gesetz dierft een net dovun ausgoen, datt ee vu Lëtzebuerg aus kann evitéieren, datt grouss Entreprisen besser ginn, seet de Jean Asselborn: "Mä dat awer e Bewosstsinn do ass, an där Debatt déi mer hunn, datt grouss Multinationalen sech och un d'Spillreegele mussen halen an net dierfe profitéieren vu Kanneraarbecht."

En anere wichtege Punkt wier deen vun de Mineralien déi dacks a Konfliktzonen exploitéiert ginn. Ufank nächst Joer trëtt an deem Kontext e Reglement vun der Europäescher Unioun a Kraaft: "Dat ass net einfach fir datt op d'Been ze kréien, mä do gëtt elo schonn dru geschafft. Mir mussen do wëssen, datt mer e ganzen Iwwerpréiwungsprozess op d'Been stellen, an deen Projet muss dëst Joer an d'Chamber kommen."

Eng 20 Betriber zu Lëtzebuerg handelen mat, oder verschaffen Mineralien aus Konfliktzonen. Do bräicht ee Garantien datt d'Exploitatiounen esou oflafen datt d'Mënscherechter net verletzt ginn.

© RTL Archiv

Lëtzebuerg taucht dann och op an enger Lëscht vum UNO Mënscherechtskommissär, déi am Februar elo publizéiert gouf. Heiran sinn all déi Länner opgelëscht, déi illegal Aktivitéiten an de besaten Gebidder a Palestina hunn.

Dëst Joer stinn 112 Entreprisen aus 7 Länner op där Lëscht, dorënner och eng Lëtzebuerger Holding mam Numm "Odigeo": "En huet sech implantéiert an de Kolonien, de besaten Territoiren vu Palestina an e mëscht vun do aus kommerziell Aktivitéiten och an den Territoiren a mécht domat Geld. Dat heescht en ignoréiert, datt déi Territoiren eigentlech net Israel, mä Palestina gehéieren."

De Betrib huet net reagéiert, nodeems d'Mënscherechtskommissärin en ugeschriwwen huet. De Lëtzebuerger Ausseminister huet och e Bréif un de Chef vun der Entreprise geschéckt. De Jean Asselborn huet nach betount, datt legiferéieren keng Garantie dofir ass, datt esou eppes net geschitt.