E Samschdeg de Mëtteg gouf géint 15 Auer an der Stad den éischte Fraestreik hei am Land organiséiert.

D'Plattform "Journée internationale des femmes" hat dozou opgeruff an huet d'Leit mobiliséiert fir matzemaachen. De Cortège ass vun der Plëss aus fortgaangen, virun der Chamber um Krautmaart goufe Riede gehalen an dono goung et laanscht d'Gëlle Fra bis bei d'Rotonden op Bouneweg.

Hannergrond vum Fraestreik sinn d'Ongläichheeten, déi et nach ëmmer tëscht Mann a Fra ginn. Besonnesch wat d'Care-Aarbecht ugeet, also d'Botzen, d'Kachen, d’Kannerbetreiung oder och d’Fleeg vu Familljememberen. Déi bleift zum gréissten Deel nach ëmmer un de Fraen hänken. D'Aarbecht am Stot ass eng Aarbecht, déi onsiichtbar bleift a gratis ass, an dofir net déi Opmierksamkeet kritt, déi se bréicht. D'Organisateure fuerdere méi Zäit, fir d'Aarbecht ze maachen, méi Suen a méi Respekt.

Inegalitéite ginn et nach ëmmer, an dass ganz vill Fraen dat esou empfannen, huet den Dag e Samschdeg gewisen. An et wier wichteg, dat och ze weisen, a fir méi Gläichberechtegung ze kämpfen, sou d'Réckmeldunge vun de Leit.

Mikrotrott Fraestreik zu Lëtzebuerg

Deen éischte Fraestreik war eendeiteg een Erfolleg. Honnerte Fraen, Männer an och Kanner waren e Samschdeg op de Stroossen uechter d'Stad ënnerwee.

Dausende Leit beim éischte Fraestreik zu Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg gouf géint 15 Auer an der Stad den éischte Fraestreik hei am Land organiséiert.

Sticker op Megaphon suergt fir Opreegung

Déi Mobilisatioun huet awer net just fir positiv Reaktiounen gesuergt, ass am Schreiwes ze liesen, well an de sozialen Netzwierker, Fotoen zirkuléieren, un deene sech gestéiert gëtt.

Et geet konkret ëm e Pechbild op engem Megaphon, deen e Samschdeg benotzt gouf. Dësen hätt een vum Kënschtler-Kollektiv Richtung 22 geléint kritt, well ee selwer keen hat. D’Messagen op de Pechbiller stéingen deemno a kengster Weis a Relatioun mam Fraestreik, an trotzdeem géif an de Commentairen e Bezuch dozou gemaach ginn. En deels ganz reaktionären, beleidegenden, a sexisteschen Bezuch.

Eenzel Frae géife béis beleidegt, oder souguer wéinst hirer Hautfaarf attackéiert ginn, schreift de JIF.

Vun esou rassisteschen Attacken wéilt ee sech awer net ënner kréie loossen. Eng Attack op hir Membere wier eng Attack op alleguer d’Fraen – an dofir  de Slogan: Mir stinn zesummen.

Offiziellt Schreiwes

Communiqué de presse du 8 marsMir stinn zesummen!

La grève des femmes a été un véritable succès! Hier la plateforme JIF a réussi à mobiliser au moins 2000 personnes! 2000 personnes dans les rues de Luxembourg et des centaines de messages de solidarité, des actions symboliques dans une cinquantaine d’entreprises, pour une première grève des femmes nationale! On vient de vivre un moment historique!

Malheureusement, on a fait des jaloux! Des groupes et personnes individuelles réactionnaires, démagogues et misogynes se sont sentis attaqués par notre force féministe. Des images circulent sur les réseaux sociaux, contenant des propos clairement racistes, sexistes et haineux envers quelques unes des organisatrices de la grève. Une vague de commentaires a été déclenchée par ces images. C’est clairement un coup monté pour essayer de nous désunir et nous diviser entre nous.

Il s’appuie sur un message volontairement provocateur d’un sticker de Richtung 22 sur un mégaphone qui par manque de matériel nous a été prêté.

Cette organisation, Richtung 22, n’est pas membre de la JIF mais un collectif artistique. Il est connu pour ses critiques ouvertement provocatrices de la société patriarcale luxembourgeoise. En revanche, les propos de ce sticker ont été faussement contextualisés et les personnes figurant sur les images y ont été associées et attaquées personnellement. Pire encore, une personne afro-descendante y est directement visée et critiquée en rapport avec sa couleur de peau. C’est la contre-attaque sexiste et raciste à notre lutte de femmes pour l’égalité! Nous ne nous laisserons pas intimider. L’atteinte à une de nos membres est une atteinte à nous toutes! Mir stinn zesummen!

Nous vous prions également de ne pas accorder davantage d’importance à ces propos racistes et haineux qui ne sont qu’une tentative de détournement d’une cause juste.

La plateforme JIF2020

Chambre des Salariés, CID | Fraen an Gender,  Conseil National des Femmes du Luxembourg, CSF, déi gréng Genderrot, déi jonk gréng, déi Lénk, Femmes en détresse, Femmes socialistes, Finkapé, KWENI, Laika, Lëtz rise up, OGBL, Time for Equality, Union des Femmes Luxembourgeoises, Golden Z Luxembourg, Movimiento Democrático de Mujeres-Hipatia Luxemburgo, Planning familial, CIGALE et des personnes privées engagées.

Communiqué vum ADR

"Richteg Politik fir Fraen amplaz e falsche Streik", esou ass e Communiqué vun den ADR-Fraen iwwerschriwwen. Am Schreiwes heescht et: d'ADR-Frae géifen um Samschdeg alle Fraen e ganz schéine Feierdag wënschen. De Fraendag dierft awer net dozou instrumentaliséiert ginn fir Fraen a Männer géinteneen opzestëppelen an et géifen och vill Männer, déi a schwéieren a schlecht bezuelte Beruffer schaffen. E Streik um Fraendag wier dee falsche Wee. Et wieren nämlech net just Fraen, déi vun esou soziale Problemer betraff wieren.

E klengen awer sécher net onweesentlechen Detail um Enn: Um Samschdeg war wuel de Fraestreik. Den internationale Fraendag, dee war allerdéngs eréischt e Sonndeg um 8. Mäerz.