D'Spideeler funktionéieren um Limitt a leeschten enorm vill mat ëmmer der Suerg am Hannerkapp, datt d'Ressourcë knapp ginn.

An deem Kontext hunn d'Hôpitaux Robert Schuman en Appell un d'Betriber lancéiert, ob se net Personal, Masken a Protektiounskleeder kéinten zur Verfügung stellen.

Wéi et vun engem Responsabelen vun der Logistik fir de Spidolsgrupp op RTL Télé Lëtzebuerg geheescht huet, wier een zanter Wochen am gaangen no Masken ze sichen. Déi éischt Liwwerunge vu Schutzmasken, déi soss fir d'Aarbechter op de Chantieren genotzt ginn, sinn och schonn en Donneschdeg ukomm. 100 Entreprisen hu sech bis e Freideg de Moien ugebueden ze hëllefen.

Ee Beispill ënnert villen erausgegraff: sou ass et eng Constructionsfirma vun Nidderkuer (Brevaco), déi de Robert-Schuman Spideeler net manner wéi 45.000 Masken als Don ginn huet. Dat ass den Elan vun Hëllef, deen op ville Plazen ze gesinn ass.