Mënschen, déi drogenofhängeg sinn, riskéieren an dësen Zäiten nach vill méi isoléiert vun der Gesellschaft ze ginn, wéi et souwisou schonn de Fall ass.

Aus deem Grond hunn déi Responsabel vum Drogekonsumraum Abrigado, d’Stad Lëtzebuerg an de Gesondheetsministère decidéiert, d’Struktur och an dësen Zäiten opzeloossen. Op mannst wat déi néidegst Servicer ugeet.

Abrigado: wichtegst Servicer assuréiert

De Sprëtzenaustausch geschitt elo duerch d’Fënster. Wee banne konsuméiere wëll, kann dat weiderhi maachen. Zuel vu Leit déi zesummen an d’Konsum-Raim gelooss ginn, gouf awer drastesch op manner wéi d’Halschecht reduzéiert. Ween an d’Infirmerie muss, waart virum Abrigado op säin Tuer. Och den Nuetsfoyer ass nach op. Hei gëtt sech am Virfeld vergewëssert, datt kee krank ass.

E weidere Grond fir d’Struktur opzebehalen, ass datt et duerch déi vill Kontrollen an zoue Grenzen uechter Europa ëmmer méi schwiereg wäert ginn, fir un Drogen ze kommen a virun allem se ze finanzéieren.

Substitutiouns-Méiglechkeeten unzebidden war beim Abrigado scho méi laang ugeduecht. D’Konzept wär am Gaang finaliséiert ze ginn. Nächst Woch kéint een der Santé et virleeën.

Grad an dësem Moment, wou et méi schwéier ass un Drogen ze kommen, wär et wichteg, Motivatiounsaarbecht bei de Betraffenen ze leeschten an hinne Léisungen ze proposéiere, fir aus der Sucht erauszekommen.

Fir d’Fonctionnement vun der Struktur ze garantéieren, sollt ee vun de Mataarbechter sech mam Covid19 ustiechen, gouf d’Ekipp vum Abrigado a 5 verschidde Gruppen agedeelt, déi ofwiesselend zwee Deeg schaffen. Géif ee krank, kéint esou déi ganz Ekipp ausgetosch ginn.

Iwwerdeems fille sech d’Leit vun der Strooss nawell eleng gelooss, och wat déi allgemeng Prise en charge vun hire Bedürfnisser ugeet.