D'Riichter hunn d'Circonstance aggravante vum Virsaz net zréckbehalen.

Mord u Frëndin / Reportage Eric Ewald

20 Joer feste Prisong a 75.000 € Schuedenersatz ze bezuelen: Dat war d'Urteel, wéinst Mord, gëschter um Stater Geriicht géint e jonke Mann. Deen hat am Juli 2018 zu Réimech seng deemoleg Frëndin déidlech mat engem Messer blesséiert, nodeems hie si geschloen hat.

Dofir hunn d'Riichter 24 Joer Prisong, 4 dovu mat Sursis, gesprach an dobäi ënnert anerem d'Circonstance aggravante vum Virsaz net zréckbehalen. Nawell hat sech den Affekot vum Condamnéierten e bësse méi Sursis erwaart.

Dat op Grond vun engem Gesetz vun 2018, sou de Me Philippe Penning, dat seet, dass jidderee Recht op Sursis huet, egal wat e gemaach huet: „...à condition dass e virdrun ni eppes Schlëmmes gemaach huet. Dofir muss ee kucken, wéi d'Riichter dat elo motivéiert hunn. De Mann ass jonk, en huet säi Liewen nach viru sech, en huet zwar eppes ganz Schlëmmes gemaach, mä ech mengen, et hätt een him kënne vläicht e bësse méi Chance ginn!“

Fir den Affekot vum Mann war et bal kloer, dass de Virsaz net géif zréckbehale ginn. De Parquet hätt deen och net méi gefrot gehat: „Et ass jo keen, dee behaapt huet oder keen aus de Faite konnt erauszéien, dass de Client dat virsätzlech gemaach hätt, andeems en e richtege Plang op d'Bee gesat a seng Frëndin an eng Fal gelackelt hätt. Also, ech mengen, dat stoung awer am Viraus scho fest, dass dat net de Fall wär!“

Déi héich Montanten u Schuedenersatz schockéieren de Me Philippe Penning net: „Si leie vläicht e bëssen iwwert der Moyenne, mä ech mengen, hei hu mer et mat enger Mamm ze dinn a mat enger Zwillingsschwëster, wat jo e bëssen eng speziell Schwëster ass, soudass déi Montanten do mech net speziell stéieren, well ech mengen, de Schued fir déi Leit ass jo awer trotzdeem immens!“

Wat d'Fro ugeet, ob géint dat Urteel Appell gemaach gëtt, huet den Affekot de Problem, fir mam Client ze kommunizéieren, well een de Moment net fir Visitten an de Prisong soll kommen: „Ech muss elo kucken, dass ech iwwer Skype mat mengem Client dann iergendwann eng Kéier an de Kontakt komme kann, fir iwwert dat Urteel ze schwätzen, mä do ass elo kee pressante Besoin, well mer jo, wéi gesot, 40 Deeg hunn, fir Appell ze maachen!“.