Um Donneschdeg de Mëtteg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg positiv op de Coronavirus getest goufen, elo bei 1.453 läit.

Dat ass eng Hausse vun 120 positiv geteste Persounen.

D’Zuel vun Doudesaffer ass leider och geklommen a läit elo bei 9 Doudesaffer. Eng Fra ausgaangs 80 war e Mëttwoch den Owend Owend am Alters- a Fleegeheem zu Bartreng um Corona-Virus gestuerwen.