Rezent waren 9 Buergermeeschteren un d'Press gaangen, fir sech iwwer d'Fermeture vu Spuerkeess-Agencen opzereegen.

Et waren dat d'Gemenge: Colmer-Bierg, Esch, Fiels, Koplescht, Mäertert, Park Housen, Réiser, Rëmeleng a Wanseler.

D'Direktioun vun der Spuerkeess hätt de Gemengeresponsabelen zwar geäntwert, wier awer iwwerhaapt net op d'Doleancen agaangen. Virun allem wier een erstaunt driwwer, datt d'Spuerkeess net un enger Entrevue interesséiert wier, sou d'Gemengemammen- a Pappen.

Wéinst der aktueller Situatioun hätte souwuel d'Spuerkeess, wéi och d'Gemengen aner Suergen, heescht et weider.

Ma grad wéinst der Corona-Kris appelléieren déi 9 Gemengen awer un d'Bank, d'Decisioun fir d'Fermeturen auszesetzen, bis d'Situatioun sech berouegt hätt a bis ee matenee kéint schwätzen.