No Tester a Formatioune kéinten déi éischt Patienten Enn der Woch ënnersicht ginn.

De Centre Hospitalier du Nord huet e Sonndeg de Moie matgedeelt, datt deen éischte Covid-Scanner prett ass. No Tester a Formatioune kéinten déi éischt Patienten Enn der Woch ënnersicht ginn. Lëtzebuerg huet jo 4 zousätzlech sou Scannere bestallt, wéi d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert nach emol op hirer leschter Pressekonferenz sot.

Ettelbréck ass dat éischt Spidol, dat de Scanner e Freideg elo an den Asaz hëlt. Déi dräi aner Spideeler sollen d'Woch drop nokommen.