Grond wär, datt d‘Supermarchéen, confrontéiert mat Hamsterkeef, quasi näischt méi geliwwert hätten.

Déi 3 Cent-Butteker zu Beetebuerg, Beggen a Péiteng sinn zou. Zanter dem Confinement leeft näischt méi do, seet den Arthur Besch vum Cent Buttek vu Beetebuerg.

Grond wär, datt d'Supermarchéen, confrontéiert mat Hamsterkeef, quasi näischt méi geliwwert hätten. Dozou kéim, datt d'Majoritéit vun de Benevollen zur vulnerabeler Populatiounsgrupp géifen zielen an et misst een och u si denken. D'Clientë géifen elo verstäerkt op Iessbonge vun den Offices sociaux zréckgräifen.