E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 5 Persoune geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 75 positiv geteste Patienten zënter e Samschdeg. Vum Total vun de Patiente sinn 2.351 Residenten an 453 Non-Residenten.
Zanter Ufank vun der Kris goufen 23.687 Tester gemaach. Vun e Samschdeg op e Sonndeg goufen 894 Tester duerchgefouert.

Zënter e Samschdeg ass d'Zuel vun den Doudesaffer zu Lëtzebuerg ëm 5 Persoune geklommen a läit elo bei 36 Leit. D'Altersmediane läit bei 86 Joer.

Am Moment leien 233 Persounen déi infizéiert goufen am Spidol, dovunner 33 op der Intensivstatioun. 241 Persoune konnten d'Spidol bis ewell nees verloossen.