Bis elo ass et esou, datt d’Infirmieren an d’Infirmièren, grad wéi d’Aide-soignanten d’Uweisung hunn, sech testen ze loossen, wa se Symptomer hunn.
Et gëtt zanter kuerzem vun der Santé e Monitoring gemaach iwwert d’Krankheetsfäll beim Fleegepersonal, mä et sinn nach keng Zuele bekannt, wat d’ANIL, d‘Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièrë bedauert.
Am Géigesaz zum Ausland wieren et zu Lëtzebuerg och nach keng Direktive ginn, wat déi sougenannten Anticorps-Tester ugeet, bei deenen ee jo feststelle kann, ob eng Persoun scho Kontakt mam Virus hat an domadder warscheinlech eng Immunitéit opgebaut huet. Esou Tester wieren awer grad beim Fleegepersonal ganz nëtzlech, heescht et bei der ANIL.
Et ginn 3.740 Aide-soignanten a 6.153 Infirmieren an Infirmièren. Vun den Infirmieren an Infirmièrë si just 2,7 Prozent Infirmier-Anästhesisten, dat ass déi Beruffskategorie, déi bei der Pandemie eng kruzial Roll spillt.