En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, op 44 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 127 positiv geteste Patienten zënter e Méindeg. Vun den 2.970 Persoune sinn 2.478 Residenten a 492 Non-Residenten.

Zënter e Méindeg ass d'Zuel vun den Doudesaffer zu Lëtzebuerg ëm 3 Persoune geklommen a läit elo bei 44 Leit. D'Altersmediane läit bei 86 Joer.

Zanter dem Ufank vun der Kris goufen 25.702 Tester gemaach. Vun e Méindeg op en Dënschdeg goufen 1.411 Tester duerchgefouert.

Am Moment leien 231 Persounen, déi infizéiert goufen, am Spidol, dovunner 35 op der Intensivstatioun. 310 Persoune konnten d'Spidol bis ewell nees verloossen.