Dat waren d’Haaptmessagen op en Neits vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Freideg am spéiden Nomëtten.

Datt d'Nei-Infektiounen erofginn, dat wier der Ministesch no kloer dank de strenge Mesuren. Dowéinst wier et wichteg, esou weiderzemaachen. Et kéint een also optimistesch sinn, mä et wier ee wéi gesot nach net derduerch.

Zu de Maske war et d’Ausso, d’Regierung hätt zu all Moment eng Positioun gehat. Déi hätt awer geännert, well och déi vun der Weltgesondheetsorganisatioun den 1. Abrëll geännert huet. Donieft wier de "stock national" u Masken, par Rapport zum Ufank vun der Kris, 6 bis 7 Mol méi grouss. Well et awer ëmmer Manktem u Material gëtt, gëllen hei kloer Prioritéiten. Als éischt waren d’Maske fir de Santéssecteur reservéiert. Elo hätt een ugefaangen, se méi breet erauszeginn. D’Gemenge wieren net op der Verdeelslëscht vun der Krise-Cellule. D’Verdeele vu Masken an de Gemenge gëtt eisen Informatiounen no duerch de Gemengesyndikat Syvicol koordinéiert.

Zur Exit-Strategie, dat heescht, wéini d’restriktiv Mesuren opgehuewe ginn, dozou wollt d’Paulette Lenert e Freideg näischt soen. Wat awer scho gewosst ass, ass, datt dat just phaseweis geschéie wäert. Den 20. Mäerz hat d’Ministesch an engem Interview am Wort gesot, kéint ee sech awer ee méi kloert Bild maachen iwwert d’Evolutioun vun den Infektiounen. Dat well jo een Decalage ass vu bis zu 2 Wochen tëscht dem Moment, wou ee sech infizéiert, an deem Moment, wéini Symptomer opdauchen.

3.223 Infektiounsfäll sinn zu Lëtzebuerg confirméiert, wouvunner eng ganze Partie Leit awer natierlech nees als geheelt gëllen. 108 confirméiert Nei-Infektioune wieren deemno an de leschte 24 Stonnen awer derbäi komm.

Wat d’Tester ugeet, huet d’Ministesch betount, dass zu Lëtzebuerg immens vill géif getest ginn. Eng 850 Tester waren et an de leschte 24 Stonnen. Et kéint ee souguer vun de meeschten Tester schwätzen, déi pro Kapp gesinn an Europa gemaach ginn. Beispillsweis ronn 6 Mol sou vill wéi a Frankräich, der Belsch oder an Holland.

"Mer sinn nach net derduerch, och wann d’Zuele vu neien Infektiounen den Ament éischter erof ginn, oder manner staark klammen", huet d’Paulette Lenert um Point Presse besonnesch ervirgestrach. Et wier besonnesch wichteg, och elo iwwert d’Ouschterfeierdeeg sech weiderhin un déi streng Restriktiouns-Mesuren ze halen an net am gréissere Krees mat Famill oder Frënn ze feieren.

"Mer brauche weiderhi Gedold, well d’Kris ass nach net eriwwer."

Patienten aus dem Grand-Est

Wat d’Ophuele vu Patienten aus dem Grand Est ugeet, huet d’Paulette Lenert erkläert, datt een nach net vu geheelte Patiente kéint schwätzen. Lëtzebuerg huet am Ganze jo 10 Patienten aus dem Grand-Est hei opgeholl, eng Persoun war relativ fréi verstuerwen, zwou konnte mëttlerweil d’Intensivstatioun verloossen.

"Weider Ufroen hu mir gehat. Mir sinn de Moment e bësse virsiichteg, well mir sinn am Gaangen, d'Beleeung vun eise Better genee z'observéieren, fir ze wëssen, ob mir deen Aknéck vun den Infektiounen och erëmfanne bei eise Better."

"Eng Urgence ass eng Urgence"

“Eng Urgence ass eng Urgence”, esou Paulette Lenert weider. D’Leit sollten net zécken, am Fall, wou si Problemer hunn, déi näischt mam Covid-19 ze dinn hunn, hiren Dokter ze kontaktéieren oder an d’Urgence ze goen. Den Zerwiss wier net ënnerbrach, d’Prise en charge wier weider garantéiert. Och wann et beängschtegend géif wierken, wann d’Leit a Schutzkostümer géife ronderëm lafen, mécht d'Gesondheetsministesch ee waarmen Appell un déi Leit, déi eng Urgence hunn.

"Dat ass ni a Fro gestallt gewiescht. An och wann dir mat ärem Dokter musst schwätzen, maacht et. Et ass net esou, datt alles stoe bleift. Dir sidd och a Gefor, wann dir net no iech kuckt an dësen Zäiten. Dat heescht et ass ganz wichteg, datt d'Leit verstinn, datt se och a Covid-Zäite kënnen un hiren Dokter eruntrieden, och kënnen eng Visitt kréien, wann et wierklech muss sinn. Et ass net aus Angscht, fir an d'Spideeler ze goen, herno Konsequenze vun dëser Krise kommen, och um gesondheetleche Plang, déi a kenger Balance méi sti mat de Mesuren, déi mir en place gesat hunn.", esou d'Ministesch.